Hydrographie vu Lëtzebuerg
Den hydrographesche Reseau vu Lëtzebuerg begräift ronn 1.800 km Waasserleef a charakteriséiert sech duerch eng Abberzuel vu Waasserleef mat klengen Anzuchsgebidder, well den nationalen Territoire an der direkter Ëmgéigend vun der Waasserscheed vum Rhäin- (97,5 % vun der nationaler Fläch) a vum Meusebaseng läit.[1]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder.
Och wann d'Anzuchsgebidder kleng sinn, ënnerleie se staarke saisonale Schwankungen a kënnen zu méi oder manner groussen Iwwerschwemmungen oder nidderege Waasserstänn féieren.[1]
D'Landschaft vu Lëtzebuerg zeechent sech trotz enger relativ klenger Fläch vun 2.586 km² duerch eng diversifiéiert physesch Geographie aus. Dës Diversitéit wierkt sech och op den hydrographesche Reseau aus, well d'Waasserleef gréisstendeels vun den allgemenge Bedéngunge vun der Geologie a vum natierleche Raum charakteriséiert ginn.[1]
Déi véier gréisst Flëss zu Lëtzebuerg sinn d'Musel, d'Sauer, d'Our an d'Uelzecht. Zu den anere Flëss zielen d'Mess, d'Mamer, d'Äisch, d'Atert an d'Waark am Westen; d'Wolz, d'Klierf an d'Blees am Norden, grad wéi d'Wäiss an d'Schwaarz Iernz, d'Sir an d'Gander am Osten. D'Péitruss ass e klenge Waasserlaf, deen duerch d'Stad Lëtzebuerg fléisst an do an d'Uelzecht leeft.[2]
Mat Ausnam vun der Kuer mat hiren Niewebaachen am Südweste vum Land an der Fooschtbaach[3], enger klenger Baach an der Gemeng Ëlwen, déi a Richtung vum Meusebaseng lafen, fléissen all aner Lëtzebuerger Flëss iwwer d'Musel an de Rhäin.[2]
Mat 135 km op Lëtzebuerger Territoire ass d'Sauer de längste Floss am Land, virun der Uelzecht (64 km), der Our (52 km), der Klierf (51 km), der Äisch (50 km) an der Musel (37 km).
D'Musel ass tëscht Neuves-Maisons (Departement Meurthe-et-Moselle) a Koblenz (Rheinland-Pfalz) – wou s'an de Rhäin leeft – op enger Längt vun 394 km als grouss schëffbar Waasserstrooss amenagéiert an zielt zu de Flëss an Europa déi am meeschte befuer ginn. Zu Lëtzebuerg ass d'Musel an de 1960er Jore kanaliséiert ginn an et gëtt dräi Staustufe mat Schleisen: Schengen-Opech, Stadbriedemes-Palzem a Gréiwemaacher-Wellen.
Vun den 135 km déi d'Däitsch-Lëtzebuerger Grenz laang ass, besti ronn 128 km aus dem Waasser vun der Our, der Sauer oder der Musel. Dës dräi Flëss bilden op där Längt e Kondominium, dat heescht en Territoire deen Däitschland a Lëtzebuerg gemeinsam gehéiert. Iwwer déi ganz Breet gehéieren dës Flëss souwuel zum Territoire vun der Bundesrepublik Däitschland wéi och zu deem vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. D'Gestioun vun dëse Waasserleef fält deemno ënner d'Responsabilitéit vun deenen zwee Länner a se muss zesummen assuréiert ginn. Den Traité vum 19. Dezember 1984 iwwer den Tracé vun der gemeinsamer Grenz leet d'Detailer dovu fest[4].
Um Spaweck
ännerenCommons: Hydrographie vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Kaart vum hydrographesche Reseau vu Lëtzebuerg op geoportail.lu
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 (fr)Le réseau hydrographique. eau.gouvernement.lu (06.02.2021). Gekuckt de(n) 09.11.2024.
- ↑ 2,0 2,1 (fr)Service information et presse du gouvernement, Tout savoir sur le Grand-Duché de Luxembourg, p. 5. sip.gouvernement.lu (03.2015). Gekuckt de(n) 09.11.2024.
- ↑ (fr)Le réseau hydrographique. environnement.public.lu (10.01.2018). Gekuckt de(n) 09.11.2024.
- ↑ (fr)Traité entre le Grand-Duché de Luxembourg et la République fédérale d'Allemagne sur le tracé de la frontière commune entre les deux États, fait à Luxembourg, le 19 décembre 1984. legilux.public.lu (19.12.1984). Gekuckt de(n) 09.11.2024.