Staustuf Stadbriedemes-Palzem

(Virugeleet vu(n) Schleis Stadbriedemes-Palzem)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Staustuf Stadbriedemes-Palzem läit um Kanalkilometer 229,87 vun der Musel tëscht der Lëtzebuerger Uertschaft Stadbriedemes an der däitscher Uertschaft Palzem. Den hydrostatesche Stauspigel ass bei 140,50 m (NG-L).

Vue vun Nordwesten op d'Staustuf. Riets am Bild d'Schëffsschleis

Si gouf vun 1962 bis 1964 am Kader vun der Kanaliséierung vun der Musel gebaut.

Elementer vun der Staustuf änneren

Vum Lëtzebuerger Uwänner bis op déi Däitsch Säit komme follgend Elementer hannereneen:

  1. Eng Schëffsschleis fir grouss Schëffer: D'Kummer vun der Schleis ass 170 m laang an 12 m breet; se huet eng Falhéicht vun 3,80 Meter.
  2. Eng Bootsrutsch fir kleng Booter, z. B. Kayaken
  3. Eng Bootsschleis fir Sportsbooter
  4. E Wier mat:
  5. Enger Leeder fir Éilen bannen an engem Pilier an der Mëtt vum Wier
  6. Enger Fëschleeder
  7. Engem Lafwaasserkraaftwierk, dat vun der SEO bedriwwe gëtt.

Literatur änneren

  • Anonyme, 2008: Sentier culturel Stadtbredimus. Brochure touristique, 23 p. 10 × 21 cm. Imprimerie Schomer-Turpel sàrl, Remich.
  • Giuliani, Alfred, 1966: "Les centrales hydro-électriques de la Moselle." pp. 88–115 in: Le port de Mertert et la navigation de la Moselle. Société du port fluvial, Mertert.
right

Illustratiounen änneren


Staustufen op der Musel
  Neuves-Maisons - Villey-le-Sec - Toul - Fontenoy-sur-Moselle - Aingeray - Frouard-Pompey - Custines - Blénod - Pagny-sur-Moselle - Ars-sur-Moselle - Metz - Talange - Richemont - Thionville - Kœnigsmacker -     Schengen-Opech     Stadbriedemes-Palzem - Gréiwemaacher-Wellen   Trier - Detzem - Wintrich - Zeltingen - Enkirch - St. Aldegund - Fankel - Müden - Lehmen - Koblenz