Neuves-Maisons
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Nanzeg
Kanton Neuves-Maisons
Postcode 54230
Gemengecode 54397
Koordinaten 48° 37’ 01’’ N
      06° 06’ 16’’ O
Fläch  444 ha
Bevëlkerung  6.941 (2006)

Neuves-Maisons ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est, am Dall vun der Musel an um Canal des Vosges.

Zu Neuves-Maisons steet déi lescht Schleis vun der kanaliséierter Musel. D'Schleis vun Neuves-Maisons mécht do iwwer den Hafe vun Neuves-Maisons, d'Verbindung vun der kanaliséierter Musel mat dem Canal des Vosges.

Kuckeswäertes änneren

  • Déi fréier Minière vum Val de Fer vun där een en Deel besiche kann.
  • D'Gebai vun de Minettssiloe vun 1929 vun der Firma Züblin dat ënner Monumenteschutz steet.
  • Zu Neuves-Maisons huet e plazeweis eng gutt Vue iwwer déi flaach Géigend vum Saintois
     
Chemiserie Ernest Ewald D'Gebai vun de Minettssiloen Déi al Minn vum Val de Fer

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Neuves-Maisons – Biller, Videoen oder Audiodateien