Staustuf Schengen-Opech

D'Staustuf Schengen-Opech ass eng Staustuf op der kanaliséierter Musel op der lëtzebuergesch-franséischer Grenz, tëscht der Uertschaft Schengen zu Lëtzebuerg, an der Uertschaft Opech a Frankräich.

Si läit um P.K. 242,43 vun der kanaliséierter Musel. An engem éischte Projet war virgesinn d'Staustuf um P.K. 243,40 ze bauen. Duerch e Biergrutsch vum Stroumbierg op der Héicht vun der Opech konnt dee Projet awer net ausgefouert ginn, soudatt sech decidéiert gouf dat Ganzt ronn ee Kilometer flossofwäerts ze verleeën. Dat huet mat sech bruecht datt wéinst der Schleis op der rietser Säit, de Couloir fir d'Schëffer, bei der Schengener Bréck dee beim éischte Projet an der Mëtt vun der Musel gewiescht wier, op déi däitsch Säit ënner dat rietst Bréckefeld, wou virdru Land war, huet misse verluecht ginn.

Hiert Nopeschwier Muselop ass d'Staustuf vu Kœnigsmacker mam Barrage an der Schleis vu Kœnigsmacker, a flossofwäerts ass et d'Staustuf Stadbriedemes-Palzem.

D'Schleis änneren

D'Schleis vun der Staustuf läit um franséischen Uwänner bei der Uertschaft Opech.

Et ass eng Schleis mat enger rechteckeger Schleisekummer mat enger benotzbarer Längt vun 172 Meter, an enger Breet vun 12 Meter. Den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschte Schleisebaseng an dem ënneschten ass 4,40 Meter. D'Waasserhéicht an der Schleis bei oppener ënneschter Paart ass 3,00 Meter. Déi hydrostatesch Héicht vum ieweschte Schleisebaseng ass 145,00 Meter, a si ass vum Wier duerch eng Insel déi ronn 400 m laang a 70 m breet ass, getrennt.

Duerch d'Schleis kënne Schëffer mat de Moossen 110,00 x 11,40 fueren, a fir de franséischen Deel vun der Musel kann de Service navigation du Nord-Est Autorisatioune ginn, fir Schëffer mat Längte vun 135 Meter, oder Schubschëffer bis zu 170 Meter.[1]

D'Wier änneren

 
D'Wier vun der Staustuf Schengen-Opech

D'Wier ass e variabelt Wier dat un den Debit vun der Musel kann ugepasst ginn, fir datt den hydrostateschen Niveau sou gutt wéi méiglech op der selwechter Héicht bleift. D'Wier gouf 1962 a Betrib geholl, a besteet aus dräi Deeler vun all Kéier 27,50 Meter, déi mat Schiberen ekipéiert sinn. Zwéi Schibere si Segmentschiberen, an den drëtten ass e Klappeschiber. Alleguer gi se iwwer Wanne regléiert. D'Wier vun Opech an d'Wier vu Koenigsmacker sinn déi zwee Eenzeg a Frankräich déi mat Klappeschiberen ekipéiert sinn.[2]

Et steet zu der enger Hallschent op franséischem an zu der aner op Lëtzebuerger Terrain. D'Gestioun gëtt vun de Voies navigables de France gemaach.

Tëscht 2000 an 2006 gouf d'Wier am Kader vun der Gestion centralisée et coordonnée des barrages automatiséiert.

Eng Expertise vun 2008 hat erginn datt de Klappeschiber net méi ganz funktiounsfäeg wier, an e gouf bis zur Reparatur komplett immobiliséiert.

2009 gouf am Kader vun der Relance économique eng Revisioun vun de Wanne gemaach. Dobäi goufen d'Zännrieder fir déi grouss a mëttel Vitesse bei de Wanne vun de Klappeschiberen ersat. All d'Engrenage si gebotzt an entfett ginn, a goufe mat automatesche Fettbécksen ekipéiert. Déi al Galle-Ketten goufen duerch raschtfräi Ketten ersat.

D'hydroelektresch Zentral änneren

D'Gebaier vum Kraaftwierk dat 1995 a Betrib geholl gouf, stinn op Lëtzebuerger Terrain an der Verlängerung vum Wier.

Et ass e Schachtkraaftwierk, an de Stroum gëtt iwwer zwou Kaplan-Turbinnen déi horizontal agebaut sinn, produzéiert. D'Turbinn huet dräi verstellbar Lafradschauten, a festagebaut Stëtzschauten. Fir Reparature kann den Alafkanal mat Dammtafelen no uewen dicht gemaach ginn.

Den Daach vun der Anlag kann iwwerschwemmt ginn.

Referenzen änneren

  1. Service navigation du Nord-Est
  2. Service navigation du Nord-Est, Actualités an Dossiers de presse


Staustufen op der Musel
  Neuves-Maisons - Villey-le-Sec - Toul - Fontenoy-sur-Moselle - Aingeray - Frouard-Pompey - Custines - Blénod - Pagny-sur-Moselle - Ars-sur-Moselle - Metz - Talange - Richemont - Thionville - Kœnigsmacker -     Schengen-Opech     Stadbriedemes-Palzem - Gréiwemaacher-Wellen   Trier - Detzem - Wintrich - Zeltingen - Enkirch - St. Aldegund - Fankel - Müden - Lehmen - Koblenz