Eva Mattes

däitsch Schauspillerin

D'Eva Mattes, gebuer de 14. Dezember 1954 zu Tegernsee, ass eng an Däitschland gebueren awer duerch Naturalisatioun éisträichesch Schauspillerin. Si ass eng vun de wichtege Schauspillerinne vum Neien däitsche Film. Donieft ass si och schonn op ville groussen däitschen Theaterbünen opgetrueden.

Eva Mattes
am Joer 2012
Gebuer 14. Dezember 1954
Tegernsee
Nationalitéit Däitschland, Éisträich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Lauschterbuchspriecher, Synchronspriecher
Member vun Deutsche Filmakademie, Akademie der Künste Berlin
Famill
Liewenspartner(in) Werner Herzog

D'Eva Mattes ass d'Duechter vun der Schauspillerin Margit Symo an dem Filmkomponist Willy Mattes.

Bedeitend Filmer mat hir sinn: Mathias Kneissl (1971) vum Reinhard Hauff mam Hans Brenner, dann dräi Filmer vum Rainer Werner Fassbinder Die bitteren Tränen der Petra von Kant (1972) mat der Margit Carstensen an Hanna Schygulla, Fontane Effi Briest (1974) mat der Hanna Schygulla an Ulli Lommel a Mutter Küsters' Fahrt zum Himmel (1975) mat der Brigitte Mira, Ingrid Caven a Karlheinz Böhm, weider 2 Filmer vum Werner Herzog Stroszek (1977) a Woyzeck (1979) mam Klaus Kinski.

Zanter 2002 spillt si an der däitscher TV-Serie Tatort d'Roll vun der Kommissarin Klara Blum vu Konstanz.

Filmographie

änneren

vun 1970 bis 1979

änneren

vun 1980 bis 1989

änneren

vun 1990 bis 1999

änneren

vun 2000 bis 2009

änneren

no 2010

änneren

vun 1966 bis 1969

änneren

vun 1970 bis 1979

änneren

vun 1980 bis 1989

änneren

vun 1990 bis 1999

änneren

vun 2000 bis....

änneren

TV-Tatort

änneren

Literatur

änneren
  • Eva Mattes: Wir können nicht alle wie Berta sein. Erinnerungen. Ullstein, Berlin 2011.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Eva Mattes – Biller, Videoen oder Audiodateien