De Peer Raben, (Wilhelm Rabenbauer) gebuer den 3. Juli 1940 zu Viechtafell am Landkrees Regen (Bayrischer Wald) an Däitschland, a gestuerwen den 21. Januar 2007 zu Mitterfels, war en däitsche Filmregisseur, Produzent, Dréibuchauteur, Schauspiller a Komponist.

Peer Raben
Gebuer 3. Juli 1940
Viechtach
Gestuerwen 21. Januar 2007
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmkomponist, Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Filmschauspiller, Komponist
Dem Peer Raben säi Graf

De Peer Raben huet zu München Musek- an Theaterwëssenschaft studéiert. Zu Berlin an zu Wuppertal huet hien duerno als Schauspiller am Theater gespillt. 1966 war hie Matgrënner vum Action-Theater zu München.

De Peer Raben huet fir eng 90 Filmer d'Musek komponéiert. Nieft der Musek fir Fassbinder Filmer, huet hien awer och fir Filmer vun anere Regisseuren (Robert van Ackeren, Barbet Schroeder, Peter Zadek, Percy Adlon an Daniel Schmid) d'Musek geschriwwen.

Nodeem de Raben 1993 e Schlag kritt hat, huet hien eng gutt Zäit gebraucht, fir nees schwätzen a goen ze léieren. De Peer Raben ass den 21. Januar 2007 an engem Spidol u Kriibs gestuerwen. Eng eege Familljen hat de Raben net.

Filmographie änneren

als Komponist (Auswiel) änneren

als Schauspiller änneren

als Regisseur änneren

Dréibuchauteur änneren

Auszeechnungen änneren

  • 2004 - Hong Kong Film Award - Bescht Filmmusek fir de Film 2046
  • 2004 - Golden Horse Award um Taipei Golden Horse Film Festival - Bescht Filmmusek fir de Film 2046

Um Spaweck änneren