Vijay and I ass e Film vum belsche Regisseur Sam Garbarski. En hat seng Première am August 2013 um Festival vu Locarno a koum de 5. September 2013 an Däitschland, den 18. September 2013 an der Belsch an zu Lëtzebuerg an d'Kinoen. En Deel vun de Bannenopname goufen zu Lëtzebuerg gedréint.

Vijay and I
Film
Produktiounsland Belsch
Lëtzebuerg
Däitschland
Première 2013
Dauer 96 min
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Sam Garbarski
Dréibuch Philippe Blasband, Matthew Robbins, Sam Garbarski
Fotografie Alain Duplantier
Produzent Sébastien Delloye
Produktiouns-
gesellschaft
Pandora Filmproduktion, Samsa Film, Entre Chien et Loup
Schauspiller
Moritz Bleibtreu als Will
Patricia Arquette als Julia
Danny Pudi als Rad
Michael Imperioli als Micky
Catherine Missal als Lily
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Will Wilder ass en New-Yorker Schauspiller, dee sech als Kanéngche verkleet an enger Kanneremissioun iwwer Waasser hält. Duerch eng Verwiesslung mengt seng Famill, hie wier bei engem Autosakzident ëm d'Liewe komm. Am Ufank aus Virwëtz, fir gewuer ze ginn, wat seng Famill wierklech vun him hält, verkleet e sech mat Hëllef vu sengem Kolleeg Rad als en Inder, dee sech bei sengem vermeintleche Begriefnes als Vijay, e Frënd vum Will, ausgëtt...

Filmpräisser a Filmkritik änneren

De Film gouf beim belsche Filmpräis Magritte du cinéma 2014 an de Kategorie "Beschte Regisseur", "Bescht Dréibuch" a "Beschte Montage" nominéiert, an huet an der Kategorie "Bescht Kostümer" gewonnen.

Kuckt och änneren