De Paul Mazursky, gebuer de 25. Abrëll 1930 zu New York a gestuerwen den 30. Juni 2014 zu Los Angeles a Kalifornien, war en US-amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmproduzent. Hien huet als ee vun de bedeitende Vertrieder vum US-amerikaneschen Auteurefilm gegollt. Vill vu senge Filmer spillen zu New York an hunn dacks d'Liewe vun einfache Leit als Sujet, wéi z. B. an Next Stop Greenwich Village vun 1976.

Paul Mazursky
Gebuer 25. Abrëll 1930
New York
Gestuerwen 30. Juni 2014
Los Angeles
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit USA
Educatioun Brooklyn College
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Filmregisseur, Schrëftsteller, Autobiograph, Charakterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur

De Mazursky, deen zu Brooklyn op Welt koum, war zanter dem Ufank vun den 1950er Joren als Schauspiller aktiv an en huet 1962 säin éischt Dréibuch fir eng Episod vun enger Tëleesserie geschriwwen. 1962 huet hie mat Last Year at Malibu e Kuerzfilm gedréint, 1969 mat Bob & Caroline & Ted & Alice säin éischte Laangspillfilm.

Zanter 1973 huet hie vill vu senge Filmer selwer produzéiert.

Filmographie änneren

als Regisseur änneren

als Schauspiller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Paul Mazursky – Biller, Videoen oder Audiodateien