Réimesch Villa zu Helsem

(Virugeleet vu(n) Réimesch Villa Helsem)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Réimesch Villa zu Helsem, an der Gemeng Walfer, war eng Villa, déi um Fouss vum Sonnebierg stoung an déi 1990 bei Bauaarbechte vun engem Lotissement entdeckt gouf.

Réimesch Villa zu Helsem
Land Lëtzebuerg
Plaz Helsem
Koordinaten 49° 38’ 36.82’’ N
      06° 08’ 25.39’’ O
Statut Archeologesch Reschter

Tëscht 1990 an 1994 goufen d'Reschter dovun vum Service archéologique vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht ënnersicht. Dës Ausgruewungsaarbechten hunn et erlaabt eng vun de gréisste réimesche Villae vu Lëtzebuerg fräizeleeën.

D'archeologesch Recherchen hunn erginn, datt d'Anlag an der Mëtt vum 1. Joerhonnert n. Chr. opgeriicht gouf an am Laf vun hirer dräihonnertjäreger Existenz e puermol ëmgebaut gouf. D'Haaptgebai bedeckt eng Fläch vu ronn 100 op 50 m an huet zirka 50 verschidden Zëmmeren eleng um Rez-de-chaussée gehat. Nodeem zum Enn vum 4. Joerhonnert de Standuert vun der zerstéierter Villa opgi ginn ass, ass den Terrain a merowengescher Zäit nees eng Kéier vun enger fränkescher Famill nei bewunnt ginn.

D'Entdeckung vun der Villa huet och bäigedroen, d'Raschpëtzer z'erklären: si waren en Deel vun enger ënnerierdescher Waasserleitung fir déi Villa.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Raschpëtzer.

Literatur änneren

  • Jean Krier: "Le palais romain de Helmsange – Die römische Palastvilla von Helmsingen." In: Administration commun ale de Walferdange, Syncicat d'initiative et de tourisme (Hrsg.): Walferdange, Histoire – Culture – Site naturel – Walferdingen, Geschichte – Kultur – Natur. Luxembourg, Administration Communale de Walferdange, 1993, S.49-76.
  • Jean Krier: "Helmsange: Du palais romain ... à l'habitat mérovingien." In: Archéologia, Nr.328, 1996, S.46-53.
  • Jean Krier: "Saturn, Sol und die Anderen. Ein Bronzeblech mit der Darstellung der Wochentagsgötter und weitere seltene Fundstücke aus der römischen Villa in Walferdingen-Helmsingen." In: Archaeologia luxemburgensis Nr. 5, 2019, S.162-

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren