Eech um Bicherhaff
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
D'Eech um Bicherhaff ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche) déi nieft enger Kapell um Bicherhaff an der Gemeng Stadbriedemes steet, nieft der Strooss (CR147) déi vu Greiweldeng op Éiter féiert. Wéinst hirem Alter an och der Plaz wou se steet, gehéiert dës Eech zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. Se ass ëm 1480 geplanzt ginn, hiren Alter gouf 1981 op ronn 500 Joer geschat[1]. D'Kapell ass aus dem Joer 1855.
Eech um Bicherhaff | |
---|---|
D'Eech am Februar 2024 | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Stadbriedemes |
Plaz | Bicherhaff |
Koordinaten | 49°35'24,619"N, 6°18'57,841"O |
Bamaart | Stilleech |
Geschaten Alter | 540 a |
Héicht | 18 m (2000) |
Duerchmiesser | 1,94 m (2000) |
Ëmfang | 6,09 m (2000) |
Entwécklung vum Bam
ännerenJoer | [2] | ||
---|---|---|---|
1907 | 4,10 | 1,31 | |
1958 | 5,40 | 1,59 | |
1980 | 5,70 | 1,81 | 16,00 |
≈2000 | 6,09 | 1,94 | 18,00 |
Domat ass dës Eech, no där vun Heeschbreg, déi zweetdéckst Eech zu Lëtzebuerg[3].
1980 gouf de Bam restauréiert. 2008 konnt ee gesinn, datt d'Haaptäscht mat stole Seeler geséchert sinn.
Quellen
änneren- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 58-59, Text a Fotoen).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 14-15, Foto an Text).
Kuckt och
änneren- Déi dräi décksten Eechen zu Lëtzebuerg:
- Eech zu Heeschbreg
- Eech um Bicherhaff
- Eech zu Kaalmes
Um Spaweck
ännerenCommons: Eech um Bicherhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien |