Monument Réimerbréck zu Stadbriedemes

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Monument Réimerbréck markéiert zu Stadbriedemes d'Plaz, wou 1962 bei de Bauaarbechte vun der Staustuf Stadbriedemes-Palzem d'Iwwerreschter vun engem réimesche Flossiwwergank fräigeluecht goufen. E puer Péil déi do fonnt goufe ginn haut am Landesmuseum zu Tréier versuergt.

Monument Réimerbréck

De Flossiwwergank léisst sech op keltesch Zäiten zeréckverfollegen (140-122 virun eiser Zäit). Am Joer 56 hunn d'Réimer op der selwechter Plaz eng Bréck gebaut, déi op d'mannst 5 Flosspilieren hat. Den hëlzenen Iwwerbau war méi wéi 6 m breet.

D'Réimerbréck war Deel vun de Réimerstroosse vu Metz op Tréier, déi op béid Säite laanscht d'Musel verlaf sinn.

D'Monument steet direkt nieft der Schleis Stadbriedemes-Palzem bei der Musel.

Literatur änneren

  • Cueppers, Heinz, 1967. Vorrömische und römische Brücken über die Mosel. Germania 45: 60-69. Berlin.
  • Hollstein, Ernst, 1984. Dendrochronologie. S. 119-124 in: Ph. von Zabern, 1984. Trier: Augustusstadt der Treverer. 2. Aufl. [Den Artikel enthält dendrochronologesch Miessungen iwwer déi réimesch Bréck zu Stadbriedemes]

Illustratiounen änneren