Staustuf Stadbriedemes-Palzem
Staustuf op der Musel (L-D)
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Staustuf Stadbriedemes-Palzem läit um Kanalkilometer 229,87 vun der Musel tëscht der Lëtzebuerger Uertschaft Stadbriedemes an der däitscher Uertschaft Palzem. Den hydrostatesche Stauspigel ass bei 140,50 m (NG-L).
![]() Loftbild mat enger Vue vun der Staustuf (vu Stadbriedemes aus gekuckt) | |
Typ | Staustuf, Schëffsschleis, Elektrizitéitswierk, Wier |
---|---|
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg, Däitschland |
Plaz | Stadbriedemes, Palzem |
Koordinaten | 49°34'3,61"N, 6°21'53,96"O |
Gewässer | Musel |
Flosskilometer | 229,87 km |
Héicht i. M. | 136 m |
Technesch Donnéeën (Schleis) | |
Fäerdeg gebaut | 1964 |
Opgaangen | 1964 |
Längt | 172 m |
Breet | 12 m |
Niveausënnerscheed | 3,8 m |
Paarten | 2 |
Zort vu Paarten |
Stemmpaart (ënnen) Hiefpaart (uewen) |
Material | Stol |
Aner Donnéeën | |
Bedreiwer | Service de la navigation fluviale, Cefralux |
Leeschtung Kraaftwierk | 4,5 MW |
![]() |
Si gouf vun 1962 bis 1964 am Kader vun der Kanaliséierung vun der Musel gebaut.
Elementer vun der Staustuf
ännerenVum Lëtzebuerger Uwänner bis op déi Däitsch Säit komme follgend Elementer hannereneen:
- Eng Schëffsschleis fir grouss Schëffer: D'Kummer vun der Schleis ass 170 m laang an 12 m breet; se huet eng Falhéicht vun 3,80 Meter.
- Eng Bootsrutsch fir kleng Booter, z. B. Kayaken
- Eng Bootsschleis fir Sportsbooter
- E Wier mat:
- Enger Leeder fir Éilen bannen an engem Pilier an der Mëtt vum Wier
- Enger Fëschleeder
- Engem Lafwaasserkraaftwierk, dat vun der SEO bedriwwe gëtt.
Illustratiounen
änneren-
Vue vun Nordwesten op d'Staustuf. Riets am Bild d'Schëffsschleis
-
D'Ausfahrt vun der Schëffsschleis mat der Steierbréck
-
Steierbréck vun der Staustuf Stadbriedemes-Palzem
-
D'Monument Réimerbréck nieft der Schëffsschleis
Literatur
änneren- Anonyme, 2008: Sentier culturel Stadtbredimus. Brochure touristique, 23 p. 10 × 21 cm. Imprimerie Schomer-Turpel sàrl, Remich.
- Giuliani, Alfred, 1966: "Les centrales hydro-électriques de la Moselle." pp. 88–115 in: Le port de Mertert et la navigation de la Moselle. Société du port fluvial, Mertert.
Um Spaweck
ännerenCommons: Staustuf Stadbriedemes-Palzem – Biller, Videoen oder Audiodateien |