Kulturpad Stadbriedemes

De Kulturpad Stadbriedemes (fr.: Sentier culturel Stadtbredimus) gouf am Joer 2008 ugeluecht a féiert de Visiteur iwwer 8 Statioune laanscht kulturhistoresch bedeitend Gebaier a Plazen uechter d'Uertschaft Stadbriedemes. Bei all Statioun fënnt een e Schëld mat Informatiounen op Däitsch an op Franséisch. Méi Detailer gëtt een an enger 23 Säite staarker Broschür[1] gewuer, déi op der Gemeng, an den Hoteller an a Restaurante gratis ze kréien ass.

Panneau vum Kulturwee

Statioune vum Kulturpad änneren

  1. Schlass Stadbriedemes
  2. Wäschbuer
  3. Loumillen
  4. Haus Heemecht, Wunnhaus vum Batty Weber
  5. Webeschkeller
  6. Graf vum Dicks
  7. Genossenschaftskellerei
  8. Monument Réimerbréck

Illustratiounen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. Anonyme, 2008. Sentier culturel Stadtbredimus. Brochure touristique, 23 p. 10 x 21 cm. Imprimerie Schomer-Turpel sàrl, Remich.