Dräidar zu Iener
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
De bemierkenswäerten Dräidar zu Iener ass e Rhamnus cathartica (Nerprun purgatif, Purgier-Kreuzdorn) a steet an enger Wiss vis-à-vis vum Haus Nr. 2 am Haewee (sou um Stroosseschëld), deen op Simmer féiert.


Dëse Bam gehéiert, als eenzege vu senger Aart am Land, wéinst senger Raritéit a sengem Alter zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Historique änneren
- De Bam steet am fréiere Gaart vum Baurenhaff op der anerer Säit vun der Strooss (Maison 2). Vum Gaart sinn nëmme méi Iwwerreschter vun de Gaardemauren erhale bliwwen.
- Enn vun de 1990er Joren huet de Bam sech, warscheinlech aus Altersgrënn, no an no ëmgeluecht. Fir säin Iwwerliewen ze sécheren, gouf en du mat engem Gestell aus Eisen, an och mat Betonsbléck an Zillen, gestäipt. Fir ze verhënneren datt e vun de Béischten an der Wiss beschiedegt gëtt, gouf e mat engem Zonk aus Holz ofgeschiermt.[1]
- Ëm 2000 gouf e Stammëmfank op Broschthéicht vun 1,44 m (Diameter: 0,46 m) bei enger Gréisst vu 6 m gemooss.
- 2002 gouf dëse Bam op déi offiziell Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem gesat.
- 2009 krut de Pol Weirich, Proprietär, d'Natura-Plackett 2008 fir d'Erhale vum fréiere Gaart mam Dräidar zu Iener.[2]
Quellen änneren
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Tabell S. 245, ausser de Moosse keng Beschreiwung a keng Foto vum Bam heiran).
- Klees, Henri, 1972. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur Luxemburgischen Sprach-und Volkskunde Nr. VIII. Institut grand-ducal, section de linguistique, de folklore et de toponymie. Dréckerei Kremer-Müller & Cie, Esch-Uelzecht. 187 S. (Cf. S. 61).
Fotoen änneren
-
De Bam am Abrëll 2009.
-
Vun der Strooss op Simmer aus gekuckt. Hanne riets: d'Kapell vun Iener (Abrëll 2009).
Kuckt och änneren
- Aner bemierkenswäert Beem an der Gemeng Sëll:
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
- Kapell Iener
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Un der Erhalung vum Bam waren e sëllege Leit bedeelegt: de Proprietär, de Sicona Westen, an eng Rëtsch privat Bamamateuren (Renseignementer vum Proprietär vum Bam an engem Bamspezialist, deen un der Restauratioun bedeelegt war; Abrëll 2009).
- ↑ Heckefräsch, Nr. 102, Juni 2009, S. 4.