Schweebech
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Schweebech. Fir d'Baach mam selwechten Numm, kuckt wgl. Schweebech (Baach). |
Schweebech ass eng Uertschaft an der Gemeng Sëll. Zu Schweebech stinn ongeféier 20 Haiser.
Schweebech | |
---|---|
![]() Kapell vu Schweebech | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Schwebach de: Schwebach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Gérard Zoller |
Awunner | 73 |
2006 | |
Koordinaten |
49° 44’ 44’’ N 05° 58’ 14’’ O |
Geographie Änneren
D'Uertschaft läit am Norde vun der Baach Schweebech, op enger Héicht vun 256 Meter (NG-L).
Nordwestlech vu Schweebech läit Rippweiler a südlech läit Kapweiler.
Op Schweebech kënnt een iwwer 2 Weeër déi net wäit vun der Schweebecher-Bréck vun der N 12 fortginn, an 2 aner Weeër wouvun deen ee vu Kapweiler an deen anere vu Rippweiler kënnt.
Kuckeswäertes Änneren
Am Zentrum vum Duerf läit d'Kapell vu Schweebech, déi géint 1850 gebaut gouf, an där hiren Daachreider eng apaart aachteckeg Form huet.
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Schweebech – Biller, Videoen oder Audiodateien |