Eech zu Kaalmes

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Eech zu Kaalmes, ass eng eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche), déi zu Kaalmes an der Gemeng Sëll, am Ausgank vum Duerf, nieft der gefaasster Quell Béik (och Béick geschriwwen) steet. Se zielt zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Eech zu Kaalmes
D'Eech zu Kaalmes am Wanter (Februar 2024)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Sëll
Plaz Kaalmes
Adress Am Sëllerlach
Koordinaten 49°43'29,60"N, 5°58'0,30"O
Bamaart Stilleech
Geschaten Alter 300 Joer
Héicht 20,7 m (2023)
Duerchmiesser 1,25 m (2023)
Ëmfang 3,93 m (2023)
D'Eech zu Kaalmes. Riets déi gefaasste Quell. (Januar 2008).
D'Eech an d'Quell (Januar 2008).

Lokalisatioun änneren

D'Eech steet beim Sëllerlach, am Flouer Brakegaart. Et fënnt ee se, wann een, vu Sëll hier, zu Kaalmes déi éischt Strooss no lénks, duerno, am Ausgank vum Duerf, de Wee no riets hëlt.

Beim Fouss vun der Eech entspréngt eng gefaasste Quell (Quell Béik), déi pro Dag ronn 1000 m³ Waasser ausschëtt, dat vun hei aus an den Drénkwaasser-Reservoir um Ditzebierg gepompelt gëtt. Zanter 1947 gehéiert dës Quell, mat der Eech, dem Waassersyndikat DEA. Ufanks der 1980er Joren huet de Syndikat d'Faassung vun der Quell komplett erneiert an eng Schutzzon ronderëm ugeluecht.

Entwécklung vum Bam änneren

Den Alter vun dëser wéineg bekannter Eech gëtt op ronn 300 Joer geschat[1]. Zur Säit vum Duerf hin ass de Stamm vum Buedem un, bis iwwer den éischten Aascht eraus opgerass.

Dem Ëmfang no ass dëse Bam déi drëttdéckst Eech, an den aachtdéckste Bam zu Lëtzebuerg (cf. Quell 2002).

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [2]    
1980 5,55 1,77
≈2000 5,84 1,87 25,00
2023 3,93 1,25 20,70

Fotoalbum änneren

Kuckt och änneren

Quellen änneren

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Eech zu Kaalmes: S. 102-103, Text a Foto).
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Eech zu Kaalmes: S. 26-27, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 22-23, Foto an Text).

Um Spaweck änneren

Commons: Eech zu Kaalmes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Les arbres remarquables, 2023
  2. op Broschthéicht gemooss