Kapell Iener

kathoulesch Kapell


D'Kapell zu Iener war eng kathoulesch Kapell déi fréier zur Par Simmer gehéiert huet, a vum 7. Mee 2017 bis zu hirer Entweiung 2020 zur neigegrënnter Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Sëll gehéiert huet.

Kapell vun Iener
Kapell vun Iener (2013)

Kapell vun Iener (2013)
Kapell vun Iener (2013)
Uertschaft / Plaz Iener
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Remakel
Konsekratioun 1910
Desakraliséiert 2020
Baujoer 1866
Koordinaten 49° 43’ 0.9’’ N
      05° 56’ 53.3’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner war den hellege Remakel, deem säi Fest den 3. September gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vum CR301 mam Häwee. De 14. Februar 2024 gouf s'als national Architekturierfschaft klasséiert.[1]

Geschicht

änneren

D'Kapell staamt aus dem Joer 1866. Se gouf vun den Awunner vun der Uertschaft bezuelt. An de Joren 1990-1991 gouf se restauréiert an am Joer 2005 ass d'Fassad erneiert ginn.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kapell Iener – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).