Schweebech (Baach)

lëtzebuergesch Baach

D'Schweebech ass eng kleng lëtzebuergesch Baach am Kanton Réiden. Si entsteet aus dem Zesummefloss vun zwéi Grief am Südweste vun Huewel op enger Héicht vun 291 Meter, op der Plaz mat dem Numm Nondsbur, tëscht de Bëscher Kaasselbierg an Haardt.

D'Schweebech tëscht der Uertschaft Schweebech a Schweebecherbréck

Vun do aus leeft se no Osten, tëscht den Uertschaften Ielwen a Schweech erduerch. Bis op Schweech heescht se Hueweler Baach. Kuerz viru Kapweiler leeft vu riets d'Hasselbaach dran. Vun do aus ännert se hire Laf a Richtung Nordosten, leeft lénks laanscht Kapweiler a riets laanscht Schweebech fir op der Schweebecher-Bréck ënner der Sëllerstross erduerch ze lafen. Ronn 400 Meter virun Useldeng leeft vu lénks d'Uurbaach dran. Duerno leeft se ënner der fréierer Eisebunnsstreck Atertlinn erduerch, da kritt se nach vu lénks d'Wollefsbaach derbäi, fir dann op enger Streck vu ronn 500 Meter praktesch parallel mat der N24 duerch Useldeng ze lafen, fir net wäit vum Useldenger Schlass op enger Héicht vun 240 Meter vu riets vun der Atert opgeholl ze ginn.

D'Schweebech ass ronn 10 km laang. Op der topographescher Kaart vu Lëtzebuerg ausgestallt vum Kadaster ass se ënner dem Numm Schwébech ze fannen.

Projet Eng Baach fir den Äisvull änneren

 
Den Äisvull lieft virun allem vu klenge Fësch.

Fir dem Äisvull en neie Liewensraum ze schafen, gouf Ufank 2011 op der Schweebech de Projet Eng Baach fir den Äisvull realiséiert[1], dat duerch:

  • D'Uleeë vun enger 5 Meter breeder Sträif mat Getraisch a Beem op enger Längt vun 200 Meter laanscht d'Baach; et goufen 250 einheimesch Traisch geplanzt, dorënner de Gewéinleche Schnéiball, de Pafenhittchen, de Wäissdar a Trauschweiden. Et goufen och 9 Solitärbeem gesat, nämlech Schwaarzelleren, Eschen a Sëlwerweiden;
  • d'Renaturéierung vun der Quell vun der Baach: dobäi gouf d'Quell op enger Längt vu 25 Meter aus de Réier fräigeluecht.

Responsabel fir de Projet waren d'Gemeng Sëll an den Naturschutzsyndikat Sicona-Zentrum. De Projet gouf am Kader vun der EU-Vulleschutzdirektiv realiséiert, mat där d'Memberlänner vun der Europäescher Unioun sech verflicht hunn, Moossnamen z'ergräife fir bedreet Vullenaarten ze schützen.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. "Eng Baach fir den Äisvull". Gewässerschutzprojekt bei Schwebach soll Vogel neuen Lebensraum bieten. LW vum 24. Februar 2011, S. 25.