Allee tëscht Bruch a Sëll

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Allee tëscht Bruch a Sëll steet laanscht d'N8 a besteet aus ronn 250 Lannen, Ahornen a Platanen, déi jonk nei Beem net matgezielt. D'Allee zitt sech iwwer 1,5 km vum Ausgank vu Bruch bis an den Agank vu Sëll.

D'Allee tëscht Bruch a Sëll, Richtung Bruch gekuckt (Februar 2008).
Lénks am Hannergrond den Agank vu Bruch.

Wéinst hirem Alter a virun allem wéinst der Längt vun der Allee gehéieren dës Beem zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Deen déckste Bam vun der Allee steet zu Sëll bei der Hausnummer 31. Hien hat ëm 2000 (cf. Quell 2002) en Ëmfank, op Broschthéicht, vun 3,51 m bei enger Gréisst vun 28 m.

D'Beem vun dëser Allee goufen 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gesat.

Geographesch Koordinaten: Bruch 49° 43’ 58.41’’ N 06° 00’ 49.40’’ O bis Sëll 49° 43’ 40.98’’ N 05° 59’ 27.25’’ O

AccidenterÄnneren

Den 28. August 1970 ass dat bis ewell (Stand: 2016) schroost Ongléck am Zesummenhank mat der Allee passéiert.

En Auto, dee vu Bruch hir koum, ass an der Kéier am Agank vu Sëll vun der Strooss geroden an an ee vun de Beem gerannt. Den Auto ass a Flamen opgaangen, woubäi déi 5 Passagéier ëm d'Liewe koumen. Si goufen um Kierfecht zu Sëll begruewen.[1]

ReferenzenÄnneren

  1. G. Oth & N. Schockmel, 2009. Chronik unserer Gemeinde von 1940 bis 2008. In Sëll feiert. 150 Joer Chorale Sainte Cécile Saeul. 100 Joer Sëller Musek-Sëller Pompjeeën. 2009. Dréckerei Fr. Faber, Miersch. Cf. S. 102.

QuellenÄnneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 218-219, Text a Foto).

Kuckt ochÄnneren

FotoalbumÄnneren