D'Kierch zu Sëll ass eng kathoulesch Kierch an der Gemeng Sëll, déi bis 2017 zur Par Sëll gehéiert huet. Zanter dem 7. Mee 2017 gehéiert se zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord am Dekanat Zentrum.

Kierch vu Sëll
Kierch vu Sëll (2012)

Kierch vu Sëll (2012)
Kierch vu Sëll (2012)
Uertschaft / Plaz Sëll
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Mariä-Himmelfaart
Konsekratioun 1701
Koordinaten 49° 43’ 37.0’’ N
      05° 59’ 07.2’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Kierch ass der Himmelfaart vun der Muttergottes Maria geweit, d'Fest gëtt de 15. August gefeiert. Déi fréier Par Sëll hat als Patréiner den hellegen Haupert.

Se steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (rue Principale), der N12, mat der Areler Strooss (route d'Arlon), der N8.

Zur fréierer Par Sëll hunn ausser der Parkierch vu Sëll och nach d'Kapell vu Kapweiler an d'Kapell vu Schweebech gehéiert.

Geschicht änneren

D'Kierch gouf warscheinlech am 11. Joerhonnert (aner Quelle soen 12. Joerhonnert) am romanesche Stil gebaut.

Schonn 1318 goung vun enger Kierch zu Sëll rieds. D'Abteie vun Oeren a vun Iechternach haten do Rechter drop, méi spéit och d'Häre vun Useldeng.[1]

1733 gouf den Tuerm gebaut an d'Kierch un de barocke Baustil ugepasst, nodeems se 1701 nei ageweit gouf, well se vill verännert gouf.

Bei der Restauratioun an den 1960er Jore gouf eng idealiséiert Basilikenarchitektur, resp. eng ideal romanesch Kierch hiergestallt. De Kallekbotz gouf erofgeklappt an d'Mauere steesichteg gemaach. D'Verwëllef gouf mat engem hëlze flaache Plaffong ersat. D'Dunne koumen aus enger vun de Vaubanskasären um Helleg-Geescht-Plateau, déi zur selwechter Zäit ofgerappt goufen. Den Tuerm gouf méi héich gemaach. Zanterhier muss een e puer Träppleken erofgoe wann een erakënnt, well den Niveau vum Foussbuedem banne méi déif ass wéi de Stroossenniveau. Déi kloer Trennung vun den Diech vun de Säiteschëffer vun deem vum Haaptschëff weist elo nees däitlech datt se architektonesch gesinn eng Basilika ass, awer e gutt Stéck méi kleng wéi déi Iechternacher. Un d'Barockzäit erënnert haut nëmmen nach e grousst Bild vum hellege Sebastian. D'Tabernakelsnisch am Chouerraum an den Dafstee stamen aus gotescher Zäit.

Bei der Renovatioun vun 2010 goufen déi rout Daachzillen, mat deenen d'Kierch bei der Restauratioun an de 1960er Joren agedeckt gi war, mat Schifer a Koffer ersat, wat besser der Traditioun an eise Géigenden entsprécht.

An der Kierch steet haut en einfachen Altor mat engem Kräiz vum Sculpteur Gustaaf Colruyt. Op de Mauere si Statioune vum Wenzel Proffer. D'Fënstere goufe vum Edmond Goergen entworf.

Fréier louch e Kierfecht ronderëm d'Kierch vun deem nach e puer Grafplacken erhale sinn.[1]

D'Kierch vu Sëll mat der Plaz ronderëm gouf den 31. Juli 1968 als Nationaalt Monument klasséiert.[2]

Paschtéier vun der Par Sëll änneren

  • 1. Gottfried von Körich (1390-1410?)
  • 2. Walter von Simmern (1410?-1439)
  • 3. Thilmann von Esch (1439-1470)
  • 4. Stephan Weyland (1470-1500?)
  • 5. Wilhelm Weyland (1500?-1543)
  • 6. Johann Quertera (1543-1569) vu Schweech
  • 7. Nicolaus Hollenstein (1569-1606) vun Arel
  • 8. Nicolaus Gosseldingen (1606-1632?)
  • Fir d'Zäit 1632-1668 ass haut net méi gewosst, wiem d'Par Sëll uvertraut war
  • 9. Maternus Beckerig (1668-1684)
  • 10. Bernhard Reichberger (1685-1694)
  • 11. Johann Nicolaus Weyler (1694-1747)
  • 12. Nicolaus Klein (1747-1760)
  • 13. Johann Mathias Blaise (1760-1808) vu Mäertert
  • 14. Johann Ludwig Molitor (1809-1834) vu Bilschdref
  • 15. Augustinus Maria Franciscus Joseph Neumann (1834-1861) vu Kautebaach
  • 16. Mathias Boths (1861-1899) vu Gréiwemaacher
  • 17. Nicolaus Ries (1899-1906) vu Gonnereng
  • 18. Wilhelm Zorn (1906-1920) vun Ell
  • 19. Bonaventura Jentgen (1920-1938) vu Stroossen
  • 20. Joseph Wiltgen (1938-1953) vu Rombas (Loutrengen)
  • 21. Jean-Pierre Lahr (1953-1963) vun Ohn
  • 22. Joseph Simminger (1963-1985) vu Munneref
  • 23. Pater Camille Ferber (1985-2004) vun Esch-Sauer
  • 24. Joël Santer (zanter 2004) vu Wecker

Literatur änneren

  • Staud R.M., Reuter J., "Die kirchlichen Kunstdenkmäler des Dekanats Mersch", Hémecht 1934, Nr.1.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Sëll – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Saeul, Eglise de l´Assomption de la Vierge Marie", Fiche op www.ssmn.public.lu, dem Service des sites et monuments natiounaux (gekuckt: 2013-03-01).
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).