Musée national des mines

Musée iwwer d'Minièren zu Rëmeleng

Den nationale Grouwemusée, offiziell Musée national des mines ass an der fréierer Minière Walert zu Rëmeleng ageriicht ginn. E gouf 1973 op Initiativ vum André Zirves a Betrib geholl. De Musée ëmfaasst 4 fréier Minièren, d'Konzessioun zu Walert, um Kierchbierg an am Laangegrond, sou wéi den Ofbau Rembour-Vor Hasselt.

Empfanksgebai
An der Minière

De Musée gëtt vun enger A.s.b.l., déi vun der Rëmelenger Gemeng a vum Ministère fir Tourismus ënnerstëtzt gëtt, gefouert.

Wat ass am Musée ze gesinn? änneren

De Musée wëll un d'Minièresaarbechten, déi sou lues a lues an de Vergiess geroden, erënneren an och den Tourismus an de Regioune fërderen.

D'Sammlung vum Musée national des mines ëmfaasst Handwierksgeschier, Maschinnen, Apparater an Archivdokumenter, déi am Zesummenhank mat der Exploitatioun vun der Minett vu Mëtt 19. Joerhonnert bis an d'60er vum 20. Joerhonnert, stinn. An den 1950er Jore gouf d'Minièresaarbecht moderniséiert an et goufen ëmmer méi Maschinne wéi Baggeren, Lokomotiven a Buermaschinne benotzt, déi den Aarbechter den Alldag méi einfach gemaach hunn.

Am Musée ginn ausserdeem d'Aarbechter an hir Aarbechtskonditiounen duergestallt, et kann een Zeenen aus dem Alldag vun den Aarbechter gesinn. Et gëtt Sammlunge vu perséinleche Géigestänn vun den Aarbechter, sou wéi Kleeder, an et gëtt eng Bibliothéik, wou Bicher an Zeitungen iwwer de Biergbau ausgestallt sinn. Ausserdeem sinn eng Auswiel vu Fotoen, Äerzer a Fossilien an de Vitrinne vum Musée ze gesinn.

No Vergréisserungsaarbechten, déi vun der Gemeng Rëmeleng, vum Staat a vun der Europäescher Unioun (FEDER) finanzéiert goufen, goufen 2002 zwéin nei Zich ageweit, déi dee viregen ersetzen an noutwenneg si fir den Transport vun de Visiteuren. D'Diesel-Kompresser-Lokomotiven droen d'Nimm vun der Prinzessin Alexandra a vum Prënz Sébastien. Am Juni 2016 krut de Musée en neien Zichelchen dee vun enger mat Batterie bedriwwener Elektrotunnellok vum Typ CEL-60 vu Schöma gezunn gëtt an d'Diesellok Alexandra gouf ausgemustert.

D'Visiteure gi mam Zichelchen bis déif ënner de Buedem gefouert. An der Minière ass d'ganzt Joer iwwer eng konstant Temperatur vun 10 °C. Bei der Besichtegung ass een Helm obligatoresch. D'Visite-guidée informéiert iwwer d'Evolutioun vun den Aarbechten an Aarbechtskonditiounen, vun der Hallschecht vum 19. Joerhonnert bis den Dag wéi d'Minière zougemaach gouf, vum manuellen Ofbau, beliicht vun engem Uelegkänki, a wou d'Sécherheet den Aarbechter selwer iwwerlooss war, bis hinn zu elektresche Buerer, Baggeren an elektreschen Zich.

Aarbechter an de Minièren änneren

D'Aarbechtskonditiounen an de Minière waren net ëmmer korrekt an d'Sécherheet an de Minièrë war och net ëmmer ganz héich. De Jean-Pierre Bausch huet d'Sécherheetsbestëmmunge kritiséiert. Hien huet och als Politiker weiderhin als Minnenaarbechter am Walert geschafft. Hien ass och do gestuerwen, well e Stéck Minett op säi Kapp gefall ass. Haut ass säin Numm e Symbol fir de Kampf fir besser Aarbechtskonditiounen.

Biller änneren

Literatur änneren

  • Marcel Klein, Nationale Minnemuséium zou Rëmëléng, Rëmeleng 1985

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Musée national des mines – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
De Minièresmuséeszichelchen
Den Zichelchen am Asaz (7"/1MB)