De Kalebierg läit op der ëstlecher Säit vu Keel. Méiglecherweis gëtt de Bierg sou genannt, well d'Sonn net richteg an all Eck vun dësem Bierg erakënnt. De Bierg läit tëscht dem Gehaansbierg an dem Hérenterbierg. Säin héchste Punkt läit op 398 Meter (NG-L).

Kalebierg bei Käl. Vir am Bild den Téitenger Kierfecht

De Kalebierg läit deelweis am Naturpark Haard.

All Joer ass um Wutz vum Kalebierg (beim Waasserreservoir) dat traditionellt Buergbrennen.