Maark

physikalescht Zeechen op enger Grenz, dacks als Potto oder als gravéierte Steen

Eng Maark, aus dem Alhéichdäitsche "marcha" = "Grenz", ass en Zeechen um Terrain, a Form vun engem Potto, Steen, o. Ä., dat dozou déngt sech erëmzefannen sief et fir sech z'orientéieren, fir Vermiessungen ze maachen oder fir eng Grenz vun enger Proprietéit festzehalen. Eng Maark besteet normalerweis aus zwéin Deeler, een, deen ee gesäit, an een, deen een net gesäit.

Modern Maark tëscht den däitsche Bundeslänner Thüringen a Sachsen zu Windischleuba
Eng Maark vum CFL op engem Kilometerpunkt 3,8
Geodesesch Maark zu Vucht laanscht de Kanal Zuid-Willemsvaart
Koordinaten: 50° 58’ 51’’ N
      05° 42’ 26’’ E

Deen, deen ee gesäit, kann ee Potto, ee Steen oder soss en Zeechen um Terrain sinn. Den aneren Deel ass eng Mass, déi op enger Déift vun normalerweis 1,5 Meter vergruewe läit, fir datt se net sou liicht beschiedegt oder verréckelt ka ginn.

Maarke fënnt een a grousse Stéckzuelen op de Grenze vun de Länner. Zu Lëtzebuerg sinn dovu wuel d'Gossemaarken op der belsch-lëtzebuergescher Grenz vu Rodange bis op d'Schmëdd am beschte bekannt. Vun der Schmëdd erof bis op den Dräilännereck bei Léiler stinn deels bëtongs Maarken. Se si gemenkerhand nummeréiert an op den topographesche Kaarten agedroen. Déi op der franséischer Grenz sinn aus Hasteen an och nummeréiert.

Aner Maarke sinn déi sougenannt trigonometresch Punkten. Dës gi vun de Geometere gebraucht, wa se sech mussen amoosse fir Pläng opzestellen. Op den topographesche Kaarte sinn déi duerch ee klengen Dräieck mat engem Punkt an der Mëtt duergestallt.

Markéierunge vu Privatbesëtzer kënnen eng Mauer sinn oder eng Rei Piqueten. Wa sech do drun eppes verännere muss oder soll, gëtt dat duerch e vereedegte Geometer, deen am Staatsdéngscht ass, festgehalen an op engem Plang, dem sougenannte Kadasterplang festgehalen.

Aner bekannte Maarke sinn d'Kilometersteng, déi haut dacks duerch méi handlech Markéierungen ersat sinn. Op de lëtzebuergesche Stroossen hu Kilometersteng zwou verschidde Faarwen, nämlech e Fouss dee wäiss ass an e Kapp deen d'Erkennungsfaarf vun der Strooss huet: giel fir CR, rout fir Nationalstroossen, a gréng fir Europastroossen. Op der viischter Säit (Stroossesäit) ass de Kilometerpunkt markéiert, op der hënneschter Säit steet näischt, an op den zwou anere Säite sinn d'Distanze bis an déi nächst Uertschaft markéiert. Tëscht dëse Kilometersteng huet ee fréier och nach 100-Metersteng a 500-Metersteng fonnt. Op Landkaarten an op Pläng si Kilometermaarke laanscht Stroossen, Waasserleef a Kanäl, a laanscht Eisebunne mat dem Kierzel p.k. (point kilométrique), K.P. (Kilometer-Punkt) agezeechent. A franséischen Texter déi d'Schëfffaart betreffen, ginn se cumulée genannt, woubäi mat deem Begrëff och all Tëschemoosse sou bezeechent ginn.

Op Stroossen déi d'Alliéiert bei hirem Virmarsch no Weste benotzt hunn, fanne mer op der Voie de la Liberté déi sougenannt Liberatiounskilometersteng.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Maarken – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Goossemaarke Rodange-Schmëdd – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Maarke Schmëdd-Léiler – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Kapp vun enger Maark zu Vucht mat dem Vermiessungspunkt