Jules Kauffmann

lëtzebuergesche Politiker

De Jules Kauffmann, gebuer den 29. Juni 1921 a gestuerwen de 7. November 2010 zu Diddeleng, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler, Lokalpolitiker a Chronist.

Jules Kauffmann
Gebuer 29. Juni 1921
Gestuerwen 7. November 2010
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler

De Jules Kauffmann hat als Biergaarbechter an an der Kokscharge op der Schmelz geschafft, éier e Sekretär beim LAV gouf. Am Zweete Weltkrich war hien als Zwangsrekrutéierten op der Ostfront. Kuerz virun der Landung vun den Alliéierten an der Normandie, war hien aus Russland mat senger Divisioun an d'Normandie detachéiert ginn. Awer éier si an der Normadie ukomm sinn, waren d'Alliéiert gelant an et huet geheescht: "Vorwärts Kameraden, wir müssen zurück!" Wéi seng Unitéit mat him a senge lëtzebuergesche Kolleegen Ujeen Jans vu Walfer a Roger Heintz vun Déifferdeng am Raum Diddenuewen Statioun gemaach huet, si se nuets desertéiert. Bis op Keel waren et nëmme méi 20 km. Wéi si ukomm sinn, waren d'Amerikaner do.

1963 gouf hie fir d'éischt an de Keeler Gemengerot gewielt. Hie war vum 1. Januar 1964 bis den 31. Dezember 1969 a vum 1. Januar 1976 bis den 30. Juni 1985 Buergermeeschter vun der Gemeng Keel. Säin Nofollger gouf den Nicolas (Schnuck) Plein.

Als Chronist huet hien e puer lokalhistoresch Bicher geschriwwen.

Wierker änneren

  • Kayl früher und heute, Dréckerei: éditpress Lëtzebuerg, Oplo 1988
  • Das Denkmal am "Sperrewee", Dréckerei: éditpress Lëtzebuerg, Oplo 1990
  • Mit der Bannmühle durch die Jahrhunderte, Dréckerei polyprint s.a., Oplo 1993
  • Kayl um Giinzebechel, Dréckerei polyprint s.a., Oplo 2000
  • Jean-Pierre NUEL (eng Broschür vun der Käler Gemeng).