Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, Benni oder Benny genannt[1], war eng Lëtzebuerger Schmuelspuer- a Kantonalbunn déi vun Dikrech iwwer Tandel, Furen a Bëttel op Veianen gefouert huet.
![]() | |
Besëtzer | Lëtzebuerg |
---|---|
Bedreiwer | Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois |
vu(n) | Dikrech |
op | Veianen |
opgaangen | 9 Abrëll 1889 |
zougemaach | 2 Mee 1948 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 14 km |
Gréisst Steigung | 32,5 ‰ |
Spuerbreet | Meterspuer |
Streck | ||
Garen, Brécken, Tunnellen | P.K. | |
![]() |
Uschloss Ettelbréck-Waasserbëlleg | |
![]() |
Gare Dikrech | 0,00 |
![]() |
Dikrech Stad | 1,570 |
![]() |
Gilsdrëffer Bréck | 2,870 |
![]() |
Blees | 3,499 |
![]() |
Bleesbréck | 3,630 |
![]() |
Baastenduerf | 4,689 |
![]() |
Tandel | 6,543 |
![]() |
Tandeler Baach | 7,057 |
![]() |
Waalsdref | 8,030 |
![]() |
Furen | 9,504 |
![]() |
Bëttel | 11,487 |
![]() |
Our | 13,007 |
![]() |
Rueter Strooss | 13,606 |
![]() |
Veianen | 14,186 |
D'Streck déi mat enger Längt vu 14,11 km mam Gesetz vum 28. Abrëll 1896[2] gegrënnt gouf, ass den 9. Abrëll 1889[1] opgaangen a gouf vun der Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois bedriwwen. Wéi 1934 déi dräi Schmuelspuer-Eisebunnsgesellschafte fusionéiert hunn, gouf se vun der Chemins de fer à voie étroite de l'État exploitéiert. Wärend der Zäit vum Zweete Weltkrich huet d'Deutsche Reichsbahn d'Exploitatioun iwwerholl, ier se 1946 an d'Hänn vun der CFL goung.
Den 2. Mee 1948 gouf d'Streck zougemaach[1], well se net méi rentabel war. Mam groussherzoglechen Arrêté vum 3. Mee 1948 ass de Benni mat Autobussen a Camionen ersat ginn[3].
Fir un de Benni ze erënneren
- Haut erënnert zu Veianen e Sightseeing-Zichelchen, mam Numm Benni, un dee fréieren Zuch.
- D'Vëlospist PC23 heescht offiziell itinéraire cyclable Benni.
LiteraturÄnneren
- Federmeyer, Ed: Die Schmalspurbahnen, G.A.R. Dokumentatioun, Zwéi Bänn, 1991
- Milmeister, Jean: Hundert Jahre "Benni", Veianer Geschichtsfrënn, Nr. 7 - Veianen, Juni 1989
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ 1,0 1,1 1,2 Linn Dikrech - Veianen op rail.lu, gekuckt den 19. Mäerz 2023
- ↑ (fr)Loi du 28 avril 1886 concernant la concession de trois lignes de chemins de fer secondaires. legilux.public.lu (28.04.1886). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 3 mars 1948 portant suppression du service ferroviaire sur les lignes de Grundhof à Beaufort, de Cruchten à Larochette et de Diekirch à Vianden et son remplacement par un service d'autobus et de camions. legilux.public.lu (03.03.1948). Gekuckt de(n) 19.03.2023.