Compagnie des chemins de fer Prince-Henri
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gesellschaft déi vun 1869 bis 1877 bestanen huet. Fir d'Nofollgergesellschaft (1877 bis 1940), kuckt wgl. Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri. |
D'Compagnie des chemins de fer Prince-Henri (PH) war vun 1869 bis 1877 eng Eisebunnsgesellschaft déi zu Lëtzebuerg Niewestrecke bedriwwen huet.
Si gouf den 28. Abrëll 1869 vun der belscher Société anonyme des chemins de fer des bassins houillers du Hainaut gegrënnt, déi bal 99 % vun den Aktie gehalen huet. De Rescht vun den Aktie war an den Hänn vu 15 Privatpersounen. Den 10. Mee dat selwecht Joer gouf se autoriséiert fir sech geschäftlech néierzeloossen.
Si krut duerch en Apport vun hirem Haaptaktionär Minnekonzessiounen a 5 zougestane Eisebunnslinnen iwwerdroen[1],[2]:
- eng laanscht d'Sauer, vun Ettelbréck iwwer Iechternach op Waasserbëlleg;
- eng vun Ettelbréck oder Colmer op Péiteng oder Rolleng an d'franséisch Grenz, duerch den Dall vun der Atert iwwer Klengbetten;
- eng vu Beetebuerg op Attem, iwwer Bieles a mat enger Deelstreck op Esch-Uelzecht;
- eng vu Beetebuerg op Réimech;
- eng vu Réimech op Éiter.
Den 3. Oktober 1873 beschléisst se hiren Numm a Compagnie royale grand-ducale des chemins de fer Prince-Henri ze änneren[3]. Si huet domat den hollännesche Prënz Hari geéiert, deen zu där Zäit Prince-lieutenant vu Lëtzebuerg war.
Wéi se 1877 a Faillite gaangen ass, do sinn hir Konzessioune vun der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri iwwerholl ginn, déi d'Ofkierzung "PH" weidergefouert huet.