Als Schmuelspuerbunn ginn am Allgemenge Bunne bezeechent, deenen hir Spuerwäit méi kleng wéi d'Normalspuer (1435 mm) ass.

Schmuelspuerbunnen hunn den Avantage datt se méi einfach a méi bëlleg ze baue si wéi Normalspuerbunnen. Well d'Spuerwäit net sou grouss ass, kënne méi enk Kéiere gebaut ginn, wat wichteg war bei Konstruktiounen duerch schmuel Däller mat villem Gekrénkels. Well d'Rullmaterial och net sou schwéier ass, brauch den Ënnerbau net sou staark gebaut ze ginn, wat d'Käschte vum Bau relativ niddreg hält.

E groussen Nodeel ass allerdéngs, datt beim Giddertransport muss ëmgeluede ginn, wa Wueren déi vun enger Normalspuer kommen, musse weidergeleet ginn.

Fir datt dat net huet misse vun Hand gemaach ginn, goufe sougenannte Rullbéck benotzt, op déi d'Waggone vun där enger Spuer dropgesat goufe fir op der anerer kënne weiderzefueren.

E Rullbock

Am grousse Ganzen ass d'Lafrou vum Zuch och méi kleng wéi bei der Normalspuer. Dofir goufe Schmuelspuerbunnen haaptsächlech do agesat, wou et net op d'Vitess ukënnt a wou manner Plaz fir de Bau do war (Biergbunnen, Minièresbunnen, Tram, Festungsbunnen).

De Gebrauch vum Numm Schmuelspuerbunn ass net iwwerall de selwechten. A Länner wou eng Schmuelspuerbunn d'Haapteisebunnsnetz duerstellt, ginn als Schmuelspuerbunn nëmmen déi Bunne bezeechent, déi nach méi schmuel sinn (z. B. Südafrika Kapspuer oder Japan, Meterspuer an Indien, Kenia, Tunesien)

Verschidde Spuerwäiten änneren

Déi wichtegst Spuerwäite bei Schmuelspuerbunne sinn: 600 mm (Feldbunnen), 750 mm, 760 mm ("Bosnesch Spuer"), 785 mm, 891 mm (fréier vill a Schweden gebraucht), 900 mm an 1000 mm ("Meterspuer") an 1067 mm ("Kapspuer").

Zu Lëtzebuerg goufen déi meescht Schmuelspuerbunne vun 1890 un ugeluecht, a sinn nom Zweete Weltkrich duerch d'Opkomme vu staarke Camionen lues a lues verschwonnen.

Haut gëtt et der nach e puer zu Lëtzebuerg als Muséesbunnen an Touristenattraktiounen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schmuelspuerbunnen zu Lëtzebuerg.

Um Spaweck änneren

Commons: Schmuelspuerbunnen – Biller, Videoen oder Audiodateien