Gamma-Doradus-Stären oder och Gamma-Doradus-Verännerlecher si pulsatiounsverännerlech Stären, déi duerch netradial Pulsatiounen op der Uewberfläch an hirer Liichtkraaft variéieren. Sou Stäre sinn typescherweis jonk, leien op der Haaptrei an hunn e Spektraltyp vun tëscht F0 an F2. Charakteristesch Amplitudë vun den Hellegkeetsschwankunge leie bei bis zu 0,1 Magnitude mat Perioden tëscht 0,4 an 3 Deeg.

De Prototyp Gamma Doradus gouf 1963 als verännerleche Stär identifizéiert an huet laang als Verännerlechen ouni Grond gezielt. Datt netradial Schwéngungen d'Ursaach vum Liichtwiessel sinn, berout um Ausschloss vun allen anere bekannte Mechanismen.

Déi absolut Hellegkeete vu Gamma-Doradus-Stäre leien tëscht +3,1 a +1,9 mag, wat der 5- bis 15-facher Sonneliichtkraaft entsprécht. Déi effektiv Temperatur läit am Beräich tëscht 6950 an 7350 K, de Radius tëscht 1,43 an 2,36 Sonneradien an d'Mass tëscht 1,51 an 1,84 Sonnemassen. Déi obsevéiert Radialvitesse sinn onbedeitend a leien tëscht 1 a 4 km/s.

All Gamma-Doradus-Verännerlecher leien op oder liicht iwwer der Haaptrei knapps baussenzeg oder um bloe Rand vun der Instabilitéitssträif. Mam schmuele Band vu Parametere gëlle si als déi homogeenst Grupp ënner de verännerleche Stären. An hirer Positioun am Hertzsprung-Russell-Diagramm iwwerlagere sech d'Gamma-Doradus-Verännerlecher an d'Delta-Scuti-Stären deelweis. En ettlech Stäre kéinte souwuel als Delta-Scuti-Stär wéi och als Gamma-Doradus-Stär klassifizéiert ginn (Hybrid Pulsatoren), well si Perioden an der Gréisstenuerdnung vun Deeg hunn, déi charakteristesch fir Gamma-Doradus-Stäre sinn, a kuerzperiodesch Schwéngunge mat Zäite vu Minutte bis Stonnen, déi typesch fir Delta-Scuti-Stäre sinn.

D'Grupp vun den entdeckte Gamma-Doradus-Verännerlecher ass relativ kleng, an all bekannt Membere gehéieren zu der jonker Scheiwepopulatioun. No enger theoreetescher Aarbecht kann et sech bei Gamma-Doradus-Stären entweeder ëm Haaptreie-Stären handelen oder ëm grad gebuere Stären, déi d'Gamma-Doradus-Instabilitéitssträif duerchkräizen. Dës béid Aarten ënnerscheede sech an hirer Mass an an der Déift vun der baussenzeger Konvektiounsschicht. Déi Ënnerscheeder sollte sech am Frequenzspektrum nidderschloen, sou datt eng Altersbestëmmung mat Hëllef vun der Asteroseismologie méiglech ass.

Lëscht änneren

Numm Stärebild Entdeckung Hellegkeets
maximum (mV)
Hellegkeets
minimum (mV)
Zäitraum
Deeg
Spektralklass Kommentar
HD 8801 A
(V529 And)
Andromeda Henry & Fekel (2005) 6m.48
(Hipparcos)
6m.51
(Hipparcos)
0.40331 A7Vm Éischt hybrid Gamma Doradus / Delta Scuti-Variabel entdeckt
V872 Ara Ara Aerts et al. (1998) 6m.37
(Hipparcos)
6m.39
(Hipparcos)
0.4266 A9V
9 Aur A Auriga Krisciunas (1993) 4m.93 5m.50 1.2582 F2V
17 CVn Canes Venatici Henry et al. (2011) 5m.91 0.8862 F0:V Binär Spektroskopie; onkloer, wéi eng Komponent variabel ass
HD 108100
(DD CVn)
Canes Venatici Breger et al. (1996) 7m.15 0.7541 F2V
V350 CMa A Canis Major Eyer & Aerts (2000) 6m.18 6m.27 0.7750
10.959
F2V Huet zwou verschidde Perioden
V1026 Cen Centaurus Aerts et al. (1998) 9m.33
(Hipparcos)
9m.38
(Hipparcos)
1.1857 A3:m
HD 17163 Cetus Henry et al. (2011) 6m.04 0.42351 F1V
HD 14940 Cetus Aerts et al. (1998) 6m.74 6m.77 0.5004 F0IV/V
43 Cyg Cygnus Henry et al. (2005) 5m.75
(Hipparcos)
5m.84
(Hipparcos)
0.79955 F0V
γ Dor Dorado Krisciunas (1993) 4m.23 4m.27 0.7570 F1V Ee vun den éischte Stären, dee klassifizéiert gouf
8 Dra Draco Aerts et al. (1998) 5m.26
(Hipparcos)
5m.34
(Hipparcos)
0.42450 F1VmA7(n)
DI Gru Grus Aerts et al. (1998) 8m.68 8m.76 0.8668 F3IV
V1325 Her Hercules Kaye et al. (1998) 6m.38 0.4210 F0V
80 Leo Leo Henry & Fekel (2002) 6m.34 6m.37 0.45286 F3IV
HD 40745
(AC Lep)
Lepus Aerts et al. (1998) 6m.28
(Hipparcos)
6m.30
(Hipparcos)
0.82427 F2IV
HD 69682 Lynx Henry et al. (2011) 6m.50 0.53189 A9V
DO Lyn Lynx Kaye et al. (1999) 7m.17 0.62447 F0V
HD 50747 Monoceros Dolez et al. (2009) 5m.45 4.865
0.956
A4IV Dräifache Stär; onbekannt wéi eng Komponent variabel ass
HD 49434 Monoceros Bruntt et al. (2002) 5m.75 0.57644 F1V Hybrid-Gamma-Doradus / Delta-Scuti-Variabel
HD 41547 A Monoceros Henry et al. (2007) 5m.87 0.81123 F4V
α Oph Ophiuchus Monnier et al. (2010) 2m08 0.5850 A5IV Hybrid-Gamma-Doradus / Delta-Scuti-Variabel
73 Oph A Ophiuchus Fekel & Henry (2003) 6m.11 (B) 0.61439 F0V+G1V
HD 164615
(V2118 Oph)
Ophiuchus Mantegazza et al. (1994) 7m.02 7m.09 0.8117 F2IV Ee vun den èischten agestuften Stäre
V2502 Oph Ophiuchus Aerts et al. (1998) 6m.57 6m.67 1.307 F2V
HD 38309 Aa Orion Henry et al. (2011) 6m.09 0.37703 F0III:n
NZ Peg Pegasus Henry et al. (2001) 5m.83
(Hipparcos)
5m86
(Hipparcos)
0.41113 F2V
HR 8799
(V342 Peg)
Pegasus Rodriguez & Zerbi (1995) 6m00
(Hipparcos)
6m.06
(Hipparcos)
0.5053 A5V Lambda-Boötis-Stär an Vega-änleche Stär
V372 Peg Pegasus Kaye et al. (1998) 6m.53 (B) 2.594821 F3V
39 Peg Pegasus Henry et al. (2005) 6m.43 6m.53 0.75574 F1V
HD 224638
(BT Psc)
Pisces Krisciunas (1993) 7m.8 (B) 1.2323 F0V Ee vun den éischte Stären, dee klassifizéiert gouf
HD 224945
(BU Psc)
Pisces Mantegazza et al. (1994) 6m.93 0.5432 A9V Ee vun den éischte Stären, dee klassifizéiert gouf
QW Pup Puppis Poretti et al. (1997) 4m.47 4m.50 0.9584 F0IV/V
ι TrA A Puppis Aerts et al. (1998) 5m.30
(Hipparcos)
5m.42
(Hipparcos)
1.4556 F4IV
EE Tuc Tucana Aerts et al. (1998) 6m.72
(Hipparcos)
6m.82
(Hipparcos)
0.6935 F2IV
V349 Tel Telescopium Aerts et al. (1998) 7m.60
(Hipparcos)
7m.73
(Hipparcos)
0.6953 F0V
KO UMa Ursa Major Kaye et al. (1999) 7m.18 0.7691 F2V
UY UMi Ursa Minor Aerts et al. (1998) 6m.30
(Hipparcos)
6m.38
(Hipparcos)
0.7237 F2V
VX UMi Ursa Minor Henry et al. (2001) 6m.48 (B) 0.34510 A9V