Telescopium (Stärebild)

D'Teleskop (Latäin: Telescopium) ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Telescopium
Lëtzebuergeschen Numm Teleskop
Laténgeschen Numm Telescopium
Laténgesche Geenitiv Telescopii
Laténgesch Ofkierzung Tel
Rektaszensioun 18h 09m bis 20h 30m
Deklinatioun -45° 05’ bis -57° 00’
Fläch 252 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 33° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
netz e gesinn
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär
Gréisst
α Telescopii,
3,51m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Sagittarius
Corona Australis
Ara
Pavo
Indus
Kaart vum Stärebild Telescopium

Beschreiwung änneren

D'Telescopium ass en onschäinbaart Stärebild südlech vum Sagittarius (Bouschëtze). Nëmmen ee vun senge Stären ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.

Geschicht änneren

D'Stärebild gouf 1756 vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille agefouert.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
α 3,49 249 B3 IV
ζ 4,10 127 G8 / K0 III
ε 4,52 409 G5 III
λ 4,85 531 A0 V
ι 4,88 398 G9 III
δ1 4,92 796 B6 IV
ξ 4,93m 1250 M1 II
η 5,03 155 A0 Vn
δ2 5,07 1117 B3 III
ρ 5,17 171 F7 V
κ 5,18 293 G8 / K0 III
ν 5,33 170 A9 Vn
HR 6819 5,36 743 B3 IIpe
HR 7289 5,38 534 K3 III
HR 6894 5,44 530 K0 / K1 III
μ 6,29 120

Den hellste Stär am Telescopium ass 249 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass den α Telescopii. Et handelt sech ëm ee bloelzege Stär mat der sechsfacher Mass an der 200facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.

Den ζ Telescopii ass 127 Liichtjoer vun eis ewech, a liicht giel. Hie gehéiert zu der Spektralklass G9 III.

Duebelstären änneren

Wéinst hirem klenge Wénkelofstand um Himmel gesäit een d'Stären δ1 an δ2 mat bloussem A als Duebelstär. Tatsächlech sti si nëmme vun der Äerd aus gesinn, an enger Richtung. Den δ1 ass ronn 800 Liichtjoer, an den δ2 méi wéi 1100 Liichtjoer vun eis ewech.

Verännerlech Stären änneren

Stär m Period Typ
ξ 4,93 onreegelméisseg Verännerlechen

Den ξ Telescopii ass 1250 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech, a verännert seng Hellegkeet ouni feststellbar Periodizitéit.

NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC aner m Typ Numm
IC 4699 Planetareschen Niwwel
6584 9,2 Kugelstärekoup
6725 Galaxis
6754 Galaxis
6761 Galaxis
6851 Galaxis

Den NGC 6584 ass e Kugelstärekoup, deen op enger Distanz vu 45.000 Liichtjoer läit.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Telescopium – Biller, Videoen oder Audiodateien