Als Duerchmusterung (op Englesch och Survey) gëtt an der Astronomie e systematescht Duerchsiche vum ganzen Himmel oder vun engem groussen Deel dovun no bestëmmten Objeten a bis zu enger definéierter Grenzhellegkeet bezeechent.

D'Resultat vun enger Himmelsduerchmusterung no Stären ass an der Reegel e Stärekatalog, mä et kann awer och d'systematesch Erfaassung vu Verännerlechen oder Duebelstären d'Zil sinn. Aner Objete vun Duerchmusterunge si Stärekéip, Niwwel, Galaxien oder Klengplanéiten.

Vum Hipparch zu der Koméiten- an Himmelspolice änneren

Déi éischt Stärekataloge si schonn an der Antiquitéit ugeluecht ginn, ë. a. vum Hipparch (135 v. Chr.) a vum Ptolemäus (ëm 150 n. Chr.). Den Hipparch Katalog gouf warscheinlech duerch eng Supernova ervirgeruff an hat schonn 800-1000 Fixstären notéiert, also ronn d'Hallschent vun de Stären déi ee mat bloussem A gesi kann. Déi vu béiden Astronomen an hirem Virgänger Aristyllos vu Samos vermoosse Stäreplazen hunn hinnen et erlaabt, scho gutt Wäerter fir d'Prezessioun vun der Äerdachs ze bestëmmen. De Ptolemäus hat säi Stäreverzeechnes an den 8. a 9. Band vum Léierbuch Almagest iwwerholl, wouduerch et op dem Ëmwee iwwer Arabien am Fréimëttelalter och europäeschen Astronomen zougänglech gouf.

Méi genee Himmelsduerchmusterunge koumen eréischt no der Erfindung vum Teleskop. Déi gréisst Bedeitung krut déi vum Flamsteed vu Greenwich am leschte Véirel vum 17. Joerhonnert. Si gouf zum Ausgangspunkt vun enger laanger Rei vu Stärekatalogen, deenen d'Astronomie bis haut hir miesstechnesch Grondlage verdankt. Den Observatoire zu Greenwich gouf ë. a. gegrënnt, fir duerch genee Stäreplazen déi nautesch Navigatioun an domat d'Schëfffaart ze sécheren. Géint Mëtt vum 18. Joerhonnert hunn de Bradley a seng Assistente weider ëmfangräich Observatiounsreie gemaach, déi de Bessel spéider nach eng Kéier nogekuckt hat an am Joer 1818 a seng „Fundamenta Astronomiae" opgeholl hat.

Am bekanntste gouf awer d'Bonner Duerchmusterung (vun 1855 un), déi weider ënne behandelt gëtt.

Am 18. Joerhonnert entstoungen och Kataloge vun Duebelstären, Verännerlechen an Niwwelen - ë. a. duerch de Wilhelm Herschel a seng Schwëster ab 1780 (848 Duebelstäre resp. 2500 niwwleg Objeten). Virdrun hat schonn de franséischen Astronom Charles Messier (17301817) all am klengen Teleskop visuellen Stärekéip an Niwwel katalogiséiert. No 18-järeger Aarbecht gouf säi Messier-Katalog mat 110 Objete publizéiert, dee bis haut vun Amateurastronomen gebraucht gëtt. Der Ulass zu dësem Katalog war allerdéngs d'Sich vum Messier no neie Koméiten, bei där déi vill Gasniwwelen an der Mëllechstrooss zu munneche "Feelalarme" gefouert haten.

Dee fir d'Fachastronome wichtegsten Niwwelkatalog ass den New General Catalogue (NGC) aus den 1880er Jore mat 7840 Objeten. Hie gouf spéider duerch den Indexkatalog (IC) vergréissert an am 20. Joerhonnert ë. a. duerch de Palomar Observatory Sky Survey (POSS).

Eng Duerchmusterung vu spezieller Aart war d'Himmelspolizey, un där sech am Joer 1800 ronn eng Dosen europäesch Observatoirë fir d'systematesch Sichen no Klengplanéiten zesummegeschloss haten. Bis 1807 goufe véier "Asteroiden" entdeckt, haut kennt een aus automatesche CCD-Duerchmusterunge schonn e puer Honnertdausend dovun.

Bonner Duerchmusterung an nei Projeten änneren

Zu der astrometrescher Grondlag vu ville Joerzéngte gouf schliisslech d'Bonner Duerchmusterung (BD), déi 1852 bis 1862 vum Astronom Friedrich Wilhelm August Argelander a sengem Assistent visuell gemaach gouf. Si versammelt 325.037 Stären am Deklinatiounsberäich tëscht 89° a −2° bis zu der visueller Hellegkeet vun 9,5 mag. Wéinst dem risegen Ëmfang vun dëser Aufgab hat ee sech op eng Genauegkeet am Beräich vun e puer Wénkelsekonne beschränkt. D'Katalogstäre goufen och als Himmelsatlas mat 36 Blieder fir den Nordhimmel publizéiert.

De Nofollger vum Argelander, den Eduard Schönfeld hat d'Bonner Duerchmusterung 1875 bis 1881 mat der Südlecher Duerchmusterung vergréissert, déi mat 134.000 Stäre bis bal op de Südhorizont vu Bonn reecht. Fir de ganze Südleche Stärenhimmel schliisslech d'Córdoba-Duerchmusterung (CD) gefollegt, genannt nom argentineschen Observatoire vu Córdoba. Si reecht bis zu der Grenzgréisst 10,0 mag a faasst mat 578.000 Stären tëscht −22° an −89° Deklinatioun ëm ronn 40 % méi Stäre pro Grad wéi hiert Bonner Virbild.

Spéider organiséiert d'Astronomesch Gesellschaft kooperativ Duerchmusterunge vun ettlechen Observatoiren, fir doraus den AGK2-Katalog – a spéider den AGK3 – zu entwéckelen.

Déi am Ament prezis Duerchmusterung staamt vum Hipparcos-Satellit, dee virun 2000 den Himmel mat engem Spigelteleskop an zwou verschidde Genauegkeeten opgeholl hat. D'Resultat ass den Hipparcos-Katalog mat 108.000 Stären (jee ±0,002") an den Tycho-Katalog mat 2 Millioune Stären op ±0,02". Dës Himmelsvermoossung soll ab 2014 mat der Gaia-Missioun verbessert ginn.[1]

Haut versteet een ënner dem Begrëff "Duerchmusterung" manner d'Katalogiséierung vu Stären, mä villméi d'systematesch Sich no net-stellaren Himmelsobjeten. Wichteg Projete sinn z. B. periodesch automatesch Duerchmusterunge vum Himmel no äerdnoen Asteroiden (near earth objects, NEA). En ettlech Schwéierpunkte gëllen och den Duerchmusterungen a kuerz- a laangwellege Beräicher vum elektromagnéiteschem Spektrum, wéi d'Sich no Röntgenquellen, Galaxiëkéip oder Quasaren. Dogéint erfollegt d'Siche no Exoplanéiten net systematesch iwwer de ganzen Himmel, mä konzentréiert sech op eenzel "verdächteg" Stären an der Noperschaft vun eiser Sonn.

Lëscht änneren

Numm Welleberäich Duerchsichte Beräich Beschreiwung
Bonner Duerchmusterung optesch nërdlech vun 22° Süd zirka 325.000 Stären, 1852 bis 1862
Córdoba-Duerchmusterung optesch Südlech vun 22° Süd zirka 578.000 Stären, 1892 bis 1914
Pan-Andromeda Archaeological Survey optesch Andromedagalaxis an Dräiecksniwwel Erfuersche vun dëse Galaxië mat dem Canada-France-Hawaii Telescope.
Palomar Observatory Sky Survey (POSS) optesch nërdlechen an equatoriale Beräich Fotografesch Duerchmusterung, 1948 bis 1958
Digitized Sky Survey optesch komplett Fotografesch Duerchmusterung, 1994
Sloan Digital Sky Survey optesch - spektroskopesch komplett 2000 bis 2006 (éischten Duerchlaf)
Photopic Sky Survey optesch 37440 individuell Ziler 2010-2011.
Palomar Distant Solar System Survey (PDSSS)
Infrared Astronomical Satellite (IRAS) Infrarout, 12, 25, 60, an 100 μm. komplett 1983
Two Micron All Sky Survey (2MASS) Infrarout, 1,25, 1,65, an 2,17 μm (J-, H- a Ks-Band) komplett 1997 bis 2001
Akari (Astro-F) wäit infrarout Japanesch Duerchmusterung per Satellit, 2006 bis 2008
Wide-field Infrared Survey Explorer Infrarout, 3,3, 4,7, 12, an 23 μm. 99 % E NASA-Satellit, 2009 bis 2010
SCUBA-2 All Sky Survey Infrarout, 850 µm Eng mam James Clerk Maxwell Telescope duerchgefouert Duerchmusterung
HI Parkes All Sky Survey Radio; 21 cm (Wellelängt vum neutralen Waasserstoff) südlech vun zirka 55° Nord 1997 bis 2002
Ohio Sky Survey Radio (1415 MHz) 19000 Objeten, 1965 bis 1973
NRAO VLA Sky Survey (NVSS) Radio (1,4 GHz) Beräich nërdlech vu 40° Süd, duerchgefouert mat dem VLA
Fermi Gamma-ray Space Telescope Gammastralung e Weltraumteleskop dat zanter 2008 am Asaz ass
en:Galaxy And Mass Assembly survey (GAMA) Multi-Wellelängten-Duerchmusterung Websäit: http://gama-survey.org
Great Observatories Origins Deep Survey (GOODS) Multi-Wellelängten-Duerchmusterung
Cosmic Evolution Survey (COSMOS) Multi-Wellelängten-Duerchmusterung

Um Spaweck änneren

Commons: Astronomical surveys – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. ESA - space science - Gaia fact sheet. 19. Januar 2012.