Den Hipparcos-Katalog ass en héich prezise Stärekatalog, gemooss vum Astrometriesatellit Hipparcos (aktiv 1989–1993). D'Missioun huet mat der Publikatioun vun de Miessresultater 1997 e spronghafte Fortschrëtt an der Astrometrie gemaach:

De Fundamentalkatalog FK5 dee bis dohin als Grondlag fir genee Stäre-Koordinaten (Stäreplaze) gebraucht gouf, an an deem 1.500 Stäre beschriwwe ginn, gouf ronn 50-mol méi genee. Am Joer 2000 gouf d'Koordinatesystem nach eng Kéier verfeinert (3300 Stäre vum FK6), soudatt d'Miessunge vum Hipparcos iwwer de ganzen Himmel homogeen ausgewäert konnte ginn.

De Satellit konnt Stäreplazen, Parallaxen an Eegebeweegunge vun 118.000 Stäre mat enger Prezisioun vu ronn 0,003" oder 0,002"/Joer vermoossen, virdru gouf ni sou eng Prezisioun erreecht. Doriwwer eraus scannt en zweet Instrument u Bord iwwer 1 Millioun Stären deenen hir Donnéeë mat ëmmer nach respektabele ±0,02" am Tycho-Katalog opgeholl goufen.

Dës béid Kataloge sinn déi bescht Realisatioun vum neie Referenzkoordinatesystem um Himmel International Celestial Reference Frame (ICRF). Si erlaben elo Beruffs- an Hobby-Astronomen, all Himmelsobjete mat Teleskop an Digitalkamera genee an halbautomatesch anzemoossen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren