Am Tycho-Katalog (TYC) fënnt een d'Resultater vun astronomesche Stärevermiessungen, déi den Astrometriesatellit Hipparcos vun 1989 bis 1993 gemaach huet.

D'Publikatioun vun den Hipparcos-Miessresultater am Joer 1997 huet fir d'Astrometrie ee spronghafte Fortschrëtt bruecht:

Den Hipparcos konnt Stäreplazen, Parallaxen an Eegebeweegunge vun 118.000 Stäre mat enger grousser Prezisioun vu ronn 0,003"/Hallefjoer respektiv 0,002"/Hallefjoer vermiessen; dës Date formen den Hipparcos-Katalog. Doriwwer eraus huet en zweet Instrument u Bord iwwer 1 Millioun Stäre op ëmmerhi ±0,02" genee vermooss; déi Date maachen den Tycho-Katalog aus. Dat sinn 20- bis 50-mol méi genee a véiermol méi Stären, wéi bis zu deem Moment Stärekataloge jee haten.

Den Tychokatalog ass fräi zougänglech, an d'Daten erlabe jiddwerengem, d'Himmelsobjete mam Teleskop oder mat der CCD-Kamera genee an hallefautomatesch anzemoossen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren