Wide-Field Infrared Survey Explorer

De Wide-Field Infrared Survey Explorer (WISE, ufanks och Next Generation Sky Survey, NGSS) genannt, ass e Weltraumteleskop vun der NASA, dat de ganzen Himmel am Infraroutberäich ënnersiche soll. Nom erfollegräiche Start, dréit et och den Numm Explorer 92.

WISE
De Weltraumteleskop WISE
Typ Weltraumteleskop
Land  USA
Agentur NASA
Apogeum 522 km
Perigeum 515 km
Bunnschréi 97,5°
Mass 661 kg
Bunn-Ëmlafzäit 95,0 min
Start 14. Dezember 2009, 14:09 UTC
Startplaz Vandenberg SLC-2W
Drorakéit Delta 7320-10 D347
Status aktiv
De WISE op der Delta II 7320
De WISE bei de
Startvirbereedungen

Zu den Objeten déi WISE ënnersiche soll, gehéieren

De WISE gouf vu Ball Aerospace gebaut an hat e Startgewiicht vu 661 kg. E verbrauch 301 Watt Stroum, déi vun engem Solarzellefeld mat 551 Watt Maximalleeschtung geliwwert ginn. De Start war de 14. Dezember 2009 um 14:09:33 Auer UTC mat enger Delta-II-7320-10C-Rakéit op der Vandenberg Air Force Base. Déi 525 km héich Ëmlafbunn ass sonnesynchron an ass ëmmer iwwer der Dämmerungslinn. Den 29. Dezember 2009 gouf d'Schutzkap vum Teleskop ofgesprengt.[2],[3] Déi éischt Biller vun der Missioun goufen de 6. Januar 2010 no der vollstänneger Kalibréierung vu WISE publizéiert.[2] D'Teleskop soll a siwe Méint de ganzen Himmel ofsichen; a kuckt dobäi ëmmer vun der Äerd ewech a beweegt sech gläichméisseg iwwer den Himmel, e beweeglechen Ëmlenkspigel fréiert awer d'Gesiichtsfeld vu 47′ × 47′ fir e puer Sekonnen op den Detektere mat jee 1024 × 1024 Bildelementer an. Observatioune sollen a véier Wellenlängtebänner ëm 3,3, 4,7, 12 a 24 μm gemaach ginn.

D'Teleskop vu WISE huet en Duerchmiesser vu 40 cm, d'Optik an d'Detektere gi vun engem Kryostat mat festem Waasserstoff gekillt.[4]

An der zweeter Hallschent vum Juli 2010 hat WISE déi éischt Himmelsduerchmusterung ofgeschloss. De Weltraumteleskop hat an engem hallwe Joer 1,3 Millioune Biller gemaach.

De 5. Oktober 2010 gouf bekannt, datt no 1,5 Himmelsduerchmusterungen de Waasserstoff verdämpt ass an d'Teleskop sech doduerch op −203 °C opgewiermt hat. D'Missioun gouf ënner der Bezeechnung NeoWise bis Januar 2011 fortgesat, well d'Sensore fir déi béid kierzt Wellelängten och bei der héijer Temperatur funktionéieren. D'Zil ass, och déi zweet Himmelsduerchmusterung ofzeschléissen an Asteroiden a Koméiten an eisem Sonnesystem z'ënnersichen.[5]

Reaktivéierung änneren

Am August 2013 gouf d'NASA bekannt, datt si de WISE fir d'Opspierre vun Asteroiden nees fir dräi Joer reaktivéieren.[6] De WISE soll e puer Méint méi spéit nees asazfäeg sinn, well d'Teleskop sech ofkille muss an da kalibréiert muss ginn.

Och dësen Asaz behält d'Projetsbezeechnung NeoWise. Nodeem sech de WISE Enn Dezember 2013 op manner wéi -200 °C ofgekillt hat, waren am Kader vun der Missioun NeoWise weider Observatioune gestart ginn.[7] Den 29. Dezember huet d'Weltraumteleskop ee bis elo onbekannten, äerdnoen Objet, den Asteroid 2013 YP139, entdeckt.[8]

Resultater änneren

Bei der Auswäertung vun den Daten hat eng Grupp vum Jet Propulsion Laboratory ronn 2,5 Mio onbekannt, masseräich an aktiv Schwaarz Lächer entdeckt. Weiderhi konnte Stäreninsele fonnt ginn déi vu Stëbswolleke bedeckt waren an deenen hir Hellegkeet iwwer där vun eiser Mëllechstrooss leien. Si kënnen zwar nëmmen indirekt nogewise ginn, well hire visuelle Spektrum duerch de Stëbs ofgeschiermt gëtt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Wide-field Infrared Survey Explorer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. An Avalanche of Dark Asteroids science@nasa, 26. Mäerz 2010
  2. 2,0 2,1 NASA's WISE Space Telescope Jettisons its Cover NASA 29. Dezember 2009
  3. WISE observatory sheds lens cap and takes in starlight spaceflightnow, 29. Dezember 2009
  4. Amanda K. Mainzer, et al.: Preliminary Design of The Wide-Field Infrared Survey Explorer (WISE), S.1: "The single WISE instrument consists of a 40 cm diamond-turned aluminum afocal telescope, a two-stage solid hydrogen cryostat, a scan mirror mechanism, and reimaging optics giving 5″resolution (full-width-half-maximum)." pdf@arxiv; WISE solid hydrogen cryostat design overview@adsabs.harvard.edu; NASA's WISE Cryostat nasa.gov, abgerufen am 21. Februar 2011
  5. NASA's NEOWISE Completes Scan for Asteroids and Comets Archivéiert op 2023-02-03. Gekuckt de(n) 2012-02-27.
  6. The NEOWISE Project neowise.ipac.caltech.edu
  7. Günther Glatzel: NEOWISE arbeitet wieder in Raumfahrer.net, Datum: 21. Dezember 2013, Ofgeruff de 24. Dezember 2013
  8. "Neowise": Reaktiviertes Teleskop spürt Asteroiden auf spiegel.de, ofgeruff den 9. Januar 2014