Sloan Digital Sky Survey
De Sloan Digital Sky Survey (SDSS) ass eng Duerchmusterung vun engem Véirel vum Himmel déi mat Fotoen a fënnef Wellelängten, an duerno mat enger Spektroskopie vun den eenzelen Objete gemaach gëtt.
SDSS ass e Kollektivprojet vun Instituter an den USA, Japan, Korea an Däitschland. D'Finanzéierung gouf vun der Alfred P. Sloan Foundation initiéiert. Mat engem eegens dofir gebauten Teleskop um Apache Point-Observatoire sollen d'Positiounen an d'Hellegkeete vu méi wéi 100 Milliounen Himmelsobjete vermooss ginn. Mat Spektre vun iwwer enger Millioun Galaxien a Quasare sollen deenen hir Distanz an Eegenschafte bestëmmt ginn. Anescht wéi fréier Duerchmusterungen (sou wéi ongeféier den Two Degree Field Galaxy Redshift Survey) schafft SDSS nëmme mat elektroneschen Detekteren, déi am Verglach zu Fotoplacken Linearitéit a méi eng héich Empfindlechkeet hunn. D'Observatioune sinn zanter 1998 am Gaang. Deeler vun der Datebasis sinn an der Tëschenzäit och Astronomen zougänglech déi net zu de bedeelegten Instituter gehéieren.
Teleskop an Observatiounsmethod
ännerenFir de Sloan Digital Sky Survey gouf extra en Teleskop mat 2,5 m Haaptspigelduerchmiesser am Apache Point Observatory gebaut. Den Teleskop huet eng Kamera aus am Ganzen drësseg groussen CCD-Chips mat jee 2048×2048 Bildelementer. D'CCDs sinn a fënnef Reie vu jee 6 Chips opgereit. Déi fënnef Reien observéieren duerch verschidden optesch Filteren (u' g' r' i' z') bei Wellelängte vun ongeféier 354, 476, 628, 769 an 925 nm. Dat observéiert Himmelsgebitt gëtt ënner Ausnotze vun der Äerddréiung a schmuele Sträifen ofgetaascht. Wärend enger Nuecht gi ronn 200 GByte Bilddaten erfaasst. Den SDSS soll e ronn 10.000 Quadratgrad grousst Gebitt um nërdleche Pol vun der Mëllechstrooss observéieren. An de fënnef Bänner sinn dobäi Objeke vun 22,3, 23,3, 23,1, 22,5 an 20,8 Magnitude mat op d'mannst dem fënneffache vum Rauschen detektéierbar. Am Hierscht ass dëst Gebitt net zougänglech. An deem Ament gëtt dann eng Sträif vun 225 Quadratgrad südlech vum Mëllechstroosseplang bis zu ongeféier 24,4, 25,3, 25,1, 24,4 an 22,9 Magnitude observéiert.
D'ellegkeet an d'Form vun den Himmelsobjete gëtt automatesch vermooss an eng éischt Klassifikatioun no Aart an Distanz duerchgefouert.
Vun ausgewieltn Objeten aus der Duerchmusterung gi Spektre gemaach. Dozou gëtt eng Plack mat 640 un den entspriechende Positioune ubruechte Lächer a Brennhéicht vum Teleskop ugemaach. Glasfaseren transportéieren d'Liicht vun de 640 Objete vun dëse Lächer op e Spektrograph. Wärend enger Nuecht kënnen ongeféier 6 bis 9 sou Sätz vu jee 640 Spektre gewonne ginn.
Ziler
ännerenSDSS iwwerdeckt zwar nëmmen en Deel vum Himmel, kann awer wiesentlech méi schwaach Objeten erfaasse wéi fréier Himmelsduerchmusterungen wéi zum Beispill de Palomar Observatory Sky Survey. Duerch genee Photometrie an de fënnef Filteren kënnen och Aart a Routverrécklung vun de Galaxien, Quasare a Stäre direkt ofgeschat ginn. Genee Routverrécklungen a Klassifikatione liwweren d'Spektren. Méi no Ënnersich kënnen da vun aneren Observatoirë mat nach méi liichtstaarken Teleskope gemaach ginn.
Wichtegst Zil vum SDSS ass d'Kartéierung vun der schaumaarteger groussraimeger Struktur vum Universum, déi aus Galaxiëkéip, Filamenter mat manner Galaxiendicht an dertëscht leienden Huelraim (Voids) mat wéinege Galaxien, besteet.
Déi vill Spektren enthalen ëmfangräich Stéchprouwe vu ville verschiddenen Aarte vu Galaxien, aus deene sech hir Eegenschafte mat gudder statistescher Signifikanz bestëmme loossen. Mat SDSS loosse sech awer och extreem rar Objete fannen. Dee wäitsten am Joer (2005) bekannte Quasar mat Routverrécklung iwwer 6 gouf am SDSS entdeckt.
De MilkyWay@home-Projet benotzt d'Donneeë vum SDSS fir d'Fuerschung an der Informatik an an der Astroinformatik.
Resultater niewebäi
ännerenD'Aarbecht um SDSS huet nieft der groussraimeger Kartéierung eng Rei weider - a vun den Initiatore sengerzäit net geplangt - Resultater bruecht:
Asteroide
ännerenDuerch d'Fototechnik mat schmuele Sträifen an ënnerschiddleche Spektralberäicher loosse sech Asteroide unhand vun der Parallax ganz liicht erkennen an hir Faarwe mat grousser Genauegkeet ermëttelen. D'Zuel vun deene sou vermoossene Asteroide ass duerch den SDSS-Projet ëm iwwer dat 100-facht ugewues. Dobäi schéngt sech d'Theorie ze bestätegen, datt bestëmmt Asteroide-Familljen (z. B. Vesta-, Eos-, Koronis- an Themis-Asteroide) jee e kollektive Kierper als Urspronk hunn.Och d'Hypothes, datt d'Uewerfläch vun engem Asteroid duerch de Sonnewand a Mikrometeoritten „verwittert“, gëtt duerch d'SDSS-Miessunge gestëtzt.
Brong Zwerge
ännerenD'Fotoen an zwéi Infrarout-Bänner gläichzäiteg mat dräi weidere Faarwen erlaabt et dem SDSS-Team, Brong Zwerge besonnesch liicht a sécher ze identifizéieren. Déi aktuell Moossresultater féierten dozou, datt nieft dem bis elo benotzten M-Spektraltyp zwou weider – nach méi kal – Spektraltyppe definéiert goufen: L an T. Objete mat der Klassifikatioun L9 hunn nach eng Uewerflächentemperatur vu ronn 1400 K, T9-Zwerge vun nëmmen nach 700 K.
Stärestréim
ännerenSDSS-Donneeë liwwerten Hellegkeeten, Faarwen an héichprezis Positiounsdaten fir Fixstäre, déi iwwer en ausgedeenten Areal verdeelt sinn a kollektiv Eegenschafte hunn: si gehéieren jee zu engem Stroum vu Stäre mat kollektiver Beweegung a Ofstamung. Mat Sécherheet konnte sou vill Membere vum fréiere Kugelkoup Palomar 5 souwéie vun der Zwerggalaxie am Stärebild Sagittarius (Sagittarius Dwarf Spheroidal Galaxy) identifizéiert ginn. E Stroum, dee sech ëm déi ganz Mëllechstrooss réngelt, kënnt vun der Canis Maior-Zwerggalaxie stamen.
Zwerggalaxien vun der Mëllechstrooss
ännerenNieft Stärestréim goufe mat Hëllef vun SDSS-Donneeën zanter 2005 ongeféier 10 Zwerggalaxien als Begleeder vun der Mëllechstrooss entdeckt. Dës sinn duerch hir kleng Stärendicht mat normale Methode kaum ze erkennen.
Gravitatiounslënsen
ännerenËnner de ronn 50.000 Quasaren, déi mam SDSS entdeckt goufen, sinn och eng Rei vu Gravitatiounslënseneffekter.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Sloan Digital Sky Survey – Biller, Videoen oder Audiodateien |