Astronomische Gesellschaft Katalog 2

(Virugeleet vu(n) AGK2)

Den AGK2 ass ee prezise Stärekatalog vu ronn 200.000 Stären, deen op Initiativ vun der Astronomescher Gesellschaft an den 1930er Joren opgestallt gouf.

D'Astronomesch Gesellschaft (A.G.), déi eelst wëssenschaftlech Vereenegung vun Europa gouf am Joer 1800 gegrënnt. Géint 1860 huet si dee wichtegste Stärekatalog vun där Zäit, den AGK initiéiert. Hie gouf vun 1929 un zum AGK2 vergréissert - mat méi neien Date vun der Astrometrie an ënner preziser Berücksichtegung vun den Eegebeweegungen. Den AGK2 ass bis haut, zesumme mat der neier Faassung vum AGK3, eng bedeitend Datebasis fir d'Astronomie, d'Himmelsmechanik an d'Bunnbestëmmungen.

D'Miessung vun de Stäreplazen vum AKG2 entstoung

An enger Aarbecht vu ronn 10 Joer ass den AGK-2 entstanen, an deem ongeféier 200.000 Stäre stinn, bis erof op déi 9. an 10. Gréisst, a mat Positiounsgenauegkeeten, déi besser wéi 1″ sinn. Bis an d'1980er Jore war dee Katalog eng wichteg Basis an der Astrometrie a fir d'Auswäertunge fir d'Satellittegeodesie.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie