Den NGC 2080 ass en Emissiounsniwwel mat engem oppe Stärekéip am Stärebild Dorado, dee ronn 168.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech läit. Den NGC 2080 steet an der grousser Magellanescher Wollek, enger Begleetgalaxie vun eiser Mëllechstrooss a steet ronn 30' südlech vum bekannten Tarantelniwwel (30 Doradus) um Himmel. Hie gëtt wéinst sengem Glach och Ghost Head Nebula (Geeschterkapp-Niwwel) genannt. Als H-II-Gebitt ass den Niwwel och ënner der Bezeechnung (LMC) N160A bekannt. Seng zwee Aen (N160A1 an N160A2) ginn duerch Blosen aus Waasserstoff a Sauerstoff gemaach (sougenannt High Excitation Blobs, HEBs), hanner deene sech masseräich Stäre verstoppen.

Date vum NGC 2080
Den Emissiounsniwwel NGC 2080 Foto vum Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Dorado (Dor)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 5h 39m 45,82s
Deklinatioun -69° 38' 38,8"
Ausgesinn
Niwweltyp Emissiounsniwwel (H-II-Gebitt) mat oppenem Stärekéip
Visuell Magnitude (visuell) 10,42 m
Visuell Magnitude (blau)
Wénkelduerchmiesser
Flächenhellegkeet
Ioniséierent Quell
Bezeechnung (NGC 2080)
Typ energieräich Stäre vum agebettenem Stärekoup
Physikalesch Daten
Gehéiert zu der Grouss Magellanesch Wollek (N160-Komplex)
Distanz 168.000 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet
Absolutten Duerchmiesser 50 Liichtjoer
Mass
Katalogbezeechnungen
NGC 2080, LMC N160A, ESO 57-EN12, PKS 0540-695, h 2950, GC 1278

Entdeckung änneren

Den Emissiounsniwwel NGC 2080 gouf am Dezember 1834 vum engleschen Astronom John Herschel entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren


Commons: NGC 2080 – Biller, Videoen oder Audiodateien