Paul Dostert

lëtzebuergeschen Historiker

De Paul François Dostert, gebuer de 27. Abrëll 1951, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser (LGL) an Historiker, spezialiséiert an der Geschicht vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg.

Paul Dostert
Gebuer 27. Abrëll 1951
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Lycéesprofesser
Member vun Section historique vum Institut grand-ducal

2003 gouf hien Direkter vum Centre de documentation et de recherche sur la Résistance, deen an der Villa Pauly säi Sëtz hat. Den CDRR gouf am Summer 2016 opgeléist.

Tëschent Februar 2002 a Juni 2009 huet de Paul Dostert d'Commission spéciale pour l'étude des spoliations des biens juifs au Luxembourg pendant les années de guerre 1940-1945 presidéiert.

Hien ass zanter 2009 President vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Den 1. Mee 2016 ass hie pensionéiert ginn.

Publikatioune vum Paul Dostert änneren

  • Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe. Die deutsche Besatzungspolitik und die Volksdeutsche Bewegung 1940 - 1945, 1985, Imprimerie Saint-Paul, 309 Säiten. Den Text vun der Dissertatioun fir den Doktertitel op der Freiburger Albert-Ludwigs-Universitéit.
  • La résistance luxembourgeoise (1940 - 1944), in Ons Stad N° 71, Dezember 2002, S. 12-15, illustréiert.
  • Vengeance, justice, amnistie: La collaboration et la société luxembourgeoise 1944-1955 ; in: Collaboration: Nazification? - Le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise ; Actes du Colloque international au Centre culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, mai 2006; erausgi vum Lëtzebuerger Nationalarchiv (ANL); ISBN 978-2-919773-01-5 ; Ss. 431-443.
  • (als co-éditeur) Schule und Identitätsbildung in der Region Saar-Lor-Lux; eds. Ralf Wittenbrock, Gérard Michaux a Paul Dostert; Saarbrécken, 1994.
  • Katholiken und Kirche im Zweiten Weltkrieg; in: 1840-1990: 150 Jahre Luxemburger Katholizismus, Sonnernummer vun nos cahiers 12 (1991), Nr. 1; Ss. 175-185.
  • (a Kollaboratioun mat aneren Historiker) La spoliation des biens juifs au Luxembourg 1940-1945 Rapport final; Lëtzebuerg, 2009; 124 Säiten.

Auszeechnungen änneren

  • September 2007: Bundesverdienstkreuz "fir besonnesch Verdéngschter ëm d'däitsch-lëtzebuergescht Verhältnes". Vgl. Luxemburger Wort, Ausgab vum 14. September 2007.
  • 2008 : Österreichisches Ehrenkreuz für Wissenschaft und Kunst I. Klasse
  • Abrëll 2009: Commandeur vum Ordine della Stella d'Italia[1]

Referenzen änneren

  1. Offiziell Websäit vum Quirinal

Um Spaweck änneren

Commons: Paul Dostert – Biller, Videoen oder Audiodateien