Den Dag vum Bam ass en Dag am Joer op deem d'Leit opgeruff gi Beem ze planzen. E gëtt weltwäit a ronn 35 Länner[1], meeschtens am Fréijoer oder am Hierscht, organiséiert. An eenzele Länner gëtt en offiziell Nationalen Dag vum Bam genannt.

Offiziell Plantatioun vun enger Stilleech um Flouer zu Stengefort den 10. November 2012.

Zu Lëtzebuerg gouf den Dag vum Bam 1991 ënner dem Numm Journée nationale de l'arbre agefouert. Eng offiziell Planzaktioun gëtt all Joer vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung um Freideg virum Dag selwer organiséiert.

Historique änneren

Den Dag vum Bam geet op eng Initiativ vum amerikanesche Journalist Julius Sterling Morton am Joer 1872 am Nebraska zeréck. 20 Joer duerno gouf et en an alle Staate vun den USA.[2]

De 27. November 1951 hunn d'Vereent Natiounen den internationalen Dag vum Bam agefouert.

Den nationalen Dag vum Bam zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg gouf den Dag vum Bam 1991 ënner dem offiziellen Numm Journée nationale de l'arbre vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur agefouert. E gëtt zanterhier all Joer am November, am Prinzip um zweete Samschdeg am Mount, organiséiert.

Vun 1997 u bis zu sengem Doud am Joer 2019 hat de Groussherzog Jean de Patronage vum Dag iwwerholl. Zanter 2018 organiséiert d'Stëftung Hëllef fir d'Natur déi offiziell Plantatioun all Joer zesumme zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung.[3]

Eenzel Persoune kënne participéieren an deem se selwer een oder méi Beem planzen, beim offizielle Planze vu Beem an Hecken an de Gemengen hëllefen, oder awer en Don un d'Stëftung Hëllef fir d'Natur iwwerweisen.[4]

Offiziell Plantatiounen änneren

All Joer gëtt um Dag vum Bam an enger Gemeng een oder méi Beem vum Buergermeeschter, dem zoustännege Minister, vum President vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur an, zanter 2018, vum Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung, geplanzt.

...

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Cf. d'd'Websäit Arbor Day around the World
  2. Cf. den Historique op der Websäit vun der Arbor Day Foundation
  3. 3,0 3,1 Mettre en valeur le châtaignier. Lancement officiel de la Journée nationale de l'Arbre le week-end dernier. Luxemburger Wort vum 13. November 2018, S. 29/M3
  4. Cf. den Depliant vum Dag vum Bam 2011. E kann als PDF vun der Websäit vun natur&ëmwelt erofgeluede ginn.
  5. En Uebstbam fir d'Schëfflenger - Dag vum Bam 2022 (2022-11-20). Gekuckt de(n) 2022-11-21.
  6. Nationalen Dag vum Bam 2021. mywort.lu (2021-11-12). Gekuckt de(n) 2022-11-21.
  7. Nationalen Dag vum Bam (2020-11-14). Gekuckt de(n) 2022-11-21.
  8. Luxemburger Wort vum 14. Nov. 2016, S. 18.
  9. Luxemburger Wort vum 18. November 2014, S. 40-41.
  10. Websäit vun natur&ëmwelt
  11. Luxemburger Wort vum 12. November, S. 11.
  12. Websäit vun der Lëtzebuerger Regierung