D'Minière Thillebierg war eng Grouf an der Gemeng Déifferdeng, aus där tëscht 1865 an 1981 Minette gefërdert gouf. Wéi se zougemaach gouf, war se déi lescht aktiv Minettesgrouf am Land.

Agank

Geschicht änneren

D'Minière Thillebierg, am Bierg mam selwechten Numm, gouf 1865 a Betrib geholl.

D'Grouf huet sech iwwer eng Fläch vun 380 Hektar erstreckt. Et gëtt geschat, datt am Ganzen eng 500 Milliounen Tonne Minette do oufgebaut goufen, wat enger Moyenne vu ronn 400.000 Tonnen d'Joer entsprécht.[1]

Um Enn hunn nach eng 170 Leit dra geschafft. De 27. November 1981 gouf se fir ëmmer zougemaach. Domat war et och mat der leschter Minière zu Lëtzebuerg eriwwer.

De Grouwenagank gouf den 19. Juli 2001 an den Zousazinventaire vum klasséierte Kulturpatrimoine opgeholl.[2]

Biller änneren

Literatur änneren

  • D'Oarbecht am Tillebierg an um Rollesbierg. (= Korspronk. Bulletin du Cercle historique de la Commune de Differdange Nr.18, 1999).

Um Spaweck änneren

Commons: Minière Thillebierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell; wou net anescht uginn: Christophe Hochard: "40th anniversary of Thillebierg mine closure." rtl.lu, 28.11.2021 (nogekuckt: 2023-05-08).
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).