Jhemp Biver

lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur


De Jhemp Biver,[1] gebuer de 16. Januar 1942 zu Uewerkuer, ass e pensionéierte lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.[2]

Jhemp Biver
Gebuer 16. Januar 1942
Uewerkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Auteur
Member vun Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal

Schoulmeeschter änneren

De Jhemp Biver huet 1962 de Premièresexamen (Sektioun B latine) am Escher Jongelycée gemaach. No engem Joer um Cours supérieur an der Stad, wou hie Physik a Mathematik studéiert huet, huet hie sech decidéiert, fir Schoulmeeschter ze ginn. No dem Ofschloss vu sengem Studium um Institut pédagogique (1963-1965) an no sengem obligatoresche Militärdéngscht (Juli 1965 - 1. Abrëll 1966)[3] huet hien am Abrëll 1966 als Schoulmeeschter zu Téiteng ugefaangen. Déi nächst Etappe vu senger Carrière waren: Bieles (1967), Iechternach (1985) a Beefort (1998). Am Joer 2002 ass hie pensionéiert ginn.[2]

Fuerscher an Auteur änneren

De Jhemp Biver ass 2006 Membre correspondant an 2013 Membre effectif vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal ginn.[4] Hie war Grënnungsmember vun der Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique (ALGH), déi 1984 offiziell gegrënnt gouf.[5]

De Jhemp Biver huet sech als Lokalhistoriker en Numm gemaach, awer och mat senge Publikatiounen iwwer d'Schoulwiesen an d'Nimm vun de lëtzebuergeschen Uertschaften, Bauerenhäff, Millen, etc. Am Laf vun der Zäit huet de Jhemp Biver dräi grouss Datebanke geschaaft: Seng geo-historesch Datebank ëmfaasst 5581 Fichen (Stand Januar 2022), eng pro Stad, Duerf, Wëller, Millen..., mat hire respektiven orthographesche Varianten. An enger zweeter Datebank sinn déi Geeschtlech vun de lëtzebuergesche Paren erfaasst, an enger drëtter d'Léierpersonal vum Ufank u bis 1914, jeeweils méi ewéi 5.500 Persounen, mat hire Mutatiounen an, esouwäit wéi bekannt, Gebuerts- a Stierfdaten.[3]

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • An-Alphabetismus im XIX. Jahrhundert am Bsp. der Milizerhebungen. Bulletin linguistique et ethnologique, Institut Grand-Ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique, fasc. 35 (2016), S. 9-46.
  • Etymologie des Familiennamens Biver: Versuch einer Deutung. Bulletin linguistique et ethnologique, Institut grand-ducal. Section de linguistique, de folklore et de toponymie Luxembourg, fasc. 34 (2013), S. 5-13.
  • Beles im Umbruch des IXX. Jahrhunderts. In: Livre d'or du centenaire, 100 Joer VC Le Guidon Bieles. Péiteng 2013, S. 111-138.
  • Die Lehrer-Promotion von Isidor Emmel (1886). De Familjefuerscher, Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, N° 85 (2010), S. 27-28.
  • État des mariages des ans XI à XIII de la commune de Sanem. De Familjefuerscher N° 83 (2009), S. 7. PDF
  • La population de la commune [de Sanem] pendant le Régime français . 1° Le recensement de 1806 ; 2° Le Recensement de l'An VIII (1800) ; 3° Les mariages des années XI, XII, XIII (1801 à 1803). In: Eng Gemeng an hir Geschicht: Bieles, Éileréng, Suessem, Zolwer, Bd. II. Péiteng 2007, S. 51-82.
  • Ville de Differdange 1907 – 2007, Réminiscences... À la recherche du temps perdu (Marcel Proust). Stadt Differdingen 1907 - 2007 : Erinnerungen: ... auf der Suche nach der verlorenen Zeit (Marcel Proust). Korspronk, Publikatioun vun den Déifferdenger Geschichtsfrënn, N° 21 (2007), 3-448 (ass 2008 erauskomm). (Jhemp Biver: Konzept a Koordinatioun, Auteur bzw. Koauteur vun de Kapitelen: 01 - Édifices: hôtels de ville, églises, le château, hôpitaux, enseignement & écoles (zesumme mam Erny Hilgert); 08 - Vie culturelle; 10 - Deux guerres; 11 - L'Usine).
  • Nomenclature générale des localités, fermes et moulins isolés du Grand-Duché de Luxembourg dans ses frontières politiques de 1839. General-Nomenklator der Orte, Gehöfte und Mühlen des Grossherzogtums Luxemburg in seinen politischen Grenzen von 1839. In: Annuaire de l'Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique 2000, S.97-240 (ass 2007 erauskomm).
  • Das Schulwesen, ein chronisches Problem? Beispiel Befort. Administration communale de Beaufort, Luxembourg 2004, 125 S.
  • Liste alphabétique des localités, fermes isolées, moulins et écarts du Grand-Duché de Luxembourg avec leur appartenance paroissiale ancienne et contemporaine. De Familjefuerscher N° 64 (2001), S. 91-112.
  • Handel, Handwerk und Berufe in der Gemeinde Sassenheim. In: Commune de Sanem 1999. Commune de Sanem, Union commerciale et artisanale de la commune de Sanem, Sanem 1999, S. 51-87.
  • Der Differdinger Grey-Träger im II. Weltkrieg. Korspronk N° 17 (1997), S. 43-106.
  • Die General Conklin-Bridge in Echternach. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1995. Echternach 1996, S. 53-59.
  • Differdingen, der Ortsname. Korspronk N° 16 (1994), S. 36-40.
  • L'usine de Differdange: monographie. Korspronk N° 11 (1988), S. 5-200 (1989 erauskomm).
  • Eng Suessemer Haus- au Familjechronik aun fënnef Kapitelen. In: Xe anniversaire : 1973-1983. Club des jeunes, Sanem. Pétange 1983, S. 77-198.
  • Um Holzwee odder Lëtzebuerger Gaasssen- a Flouernimm zu Bieles, Zolver a Suessem. Eis Sprooch Nr. 13, Jg. XIX (1981), S. 17-23 ; Nr. 15, Jg. XXI (1983), S. 19-26. PDF vum 1. Däl; PDF vum 2. Däl.
  • Flurnamen der Gemarkung Sassenheim. In: Fanfare "Concorde" Sanem 1906-1981 : 75e anniversaire avec inauguration d'un nouveau drapeau. Sanem 1981, S. 134-196.

Referenzen änneren

  1. Arrêté grand-ducal du 6 octobre 2000 autorisant Monsieur Jean-Pierre Biver à changer son prénom actuel еn celui de «Jhemp». Mémorial / Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg, Recueil administratif et économique B, N° 19, 15 mars 2001, p. 472.
  2. 2,0 2,1 Jhemp Biver, Das Schulwesen ein chronisches Problem? Beispiel Befort: hënneschten Deckel.
  3. 3,0 3,1 Jhemp Biver, in litt.
  4. Institut grand-ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique, membres. Email vum Jhemp Biver vum 1. August 2022.
  5. ALGH: Statuts.