Kommissioun von der Leyen II

Europäesch Kommissioun (2024 bis 2029)

D'Kommissioun von der Leyen II ass de Collège vun Europäesche Kommissären ënner der Presidentin Ursula von der Leyen. Si ass zanter dem 1. Dezember 2024 am Amt. Si ass d'Nofollgerin vun der Kommissioun von der Leyen I. Si besteet aus der Presidentin a 27 Kommissären wouvunner der 7 Vizepresident sinn.

D'Ursula von der Leyen.

Am Juni 2024 gouf d'Ursula von der Leyen mat grousser Majoritéit vum Europäesche Parlament fir eng zweet Amtszäit gewielt.

Déi eenzel Kommissäre ginn, op Virschlag vun den eenzele Regierunge vun de Memberlänner, vun der Presidentin erausgesicht; et ass och si, déi hir Aarbechtsberäicher festleet.

Wéi schonn an den zwee viregte Kommissiounen ginn et och dës kéier eng Grupp „Exekutiv Vizepresidenten“, déi eng Stellung ënnert de Kommissären anhuelen a méi Ressorten leeden. D'Positioun vun den „einfache“ Vizepresidenten, wéi an der viregter Kommissioun, gëtt et an dëser net méi.

D'Ekipp vun der Kommissioun von der Leyen II

änneren
Ressort Kommissär/-in Memberstaat national Partei europäesch Partei Foto
Presidentin Ursula von der Leyen Däitschland Christlich Demokratische Union Deutschlands Europäesch Vollekspartei
Exekutiv Vizepresidentin;

Propper, gerecht a kompetitiv Transitioun; Konkurrenz

Teresa Ribera Spuenien Partido Socialista Obrero Español Partei vun den Europäesche Sozialisten
Exekutiv Vizepresidentin;

Digital- a Grenztechnologien

Henna Virkkunen Finnland Kansallinen Kokoomus Europäesch Vollekspartei
Exekutive Vizepresident;

Industrie, KME a Bannemaart

Stéphane Séjourné Frankräich Renaissance Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Vizepresidentin;
Héich Representantin fir Aussen- a Sécherheetspolitik
Kaja Kallas Estland Eesti Reformierakond Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Exekutiv Vizepresidentin;

Ausbildung, Bildung a Kultur, héichwäerteg Aarbechtsplazen a sozial Rechter

Roxana Mînzatu Rumänien Partidul Social Democrat Partei vun den Europäesche Sozialisten
Exekutive Vizepresident;

Regionalentwécklung a Stied

Raffaele Fitto Italien Fratelli d'Italia Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten
Handel an ekonomesch Sécherkeet;

Interinstitutionell Bezéieungen an Transparenz

Maroš Šefčovič Slowakei SMER keng
Ekonomie a Produktivitéit, Ëmsetzung a Vereinfachung Valdis Dombrovskis Lettland Lettland Vienotība Europäesch Vollekspartei
Nohaltege Verkéier an Tourismus Apostolos Tzitzikostas Griicheland Nea Dimokratia Europäesch Vollekspartei
Bannescht Affären a Migratioun Magnus Brunner Éisträich Österreichische Volkspartei Europäesch Vollekspartei
Startups, Fuerschung an Innovatioun Ekaterina Sachariewa Bulgarien GERB Europäesch Vollekspartei
Landwirtschaft an Ernierung Christophe Hansen Lëtzebuerg Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei Europäesch Vollekspartei
Klima a proppere Wuesstum;

Steieren

Wopke Hoekstra Holland Christen-Democratisch Appèl Europäesch Vollekspartei
Budget, Bedruchsbekämpfung an ëffentlech Verwaltung Piotr Serafin Polen Platforma Obywatelska Europäesch Vollekspartei
Ëmwelt, Waasserresilienz a kompetitiv Kreeslafekonomie Jessika Roswall Schweden Moderata samlingspartiet Europäesch Vollekspartei
Finanzdéngeschtleeschtungen; Spuer- an Investitiounsunioun Maria Luís Albuquerque Portugal Partido Social Democrata Europäesch Vollekspartei
Fëscherei an Ozeaner Costas Kadis Zypern keng Europäesch Vollekspartei
Resilienz a Krisemanagement, Gläichstellung Hadja Lahbib Belsch Mouvement réformateur Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Generatiounegerechtegkeet, Jugend, Kultur a Sport Glenn Micallef Malta Partit Laburista Partei vun den Europäesche Sozialisten
Energie a Wunnen Dan Jørgensen Dänemark Socialdemokraterne Partei vun den Europäesche Sozialisten
Erweiderung, Ëstlech Partnerschaft an Nees-Opbau vun der Ukrain Marta Kos Slowenien keng Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa
Mëttelmier (Euro-mediterran Partnerschaft) Dubravka Šuica Kroatien Hrvatska demokratska zajednica Europäesch Vollekspartei
Gesondheet an Déiereschutz Olivér Várhelyi Ungarn keng keng
International Partnerschaften Jozef Síkela Tschechesch Republik Starostové a nezávislí Europäesch Vollekspartei
Verdeedegung a Raumfaart Andrius Kubilius Litauen TS Europäesch Vollekspartei
Demokratie, Justiz a Rechtsstaatlechkeet Michael McGrath Irland Fianna Fáil Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa

Um Spaweck

änneren
Commons: Kommissioun von der Leyen II – Biller, Videoen oder Audiodateien