Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité

Dësen Artikel beschäftegt sech mat europäesche Wirtschafts-a Sozialcomité. Fir dee lëtzebuergeschen, kuckt wgl. Conseil économique et social (Lëtzebuerg).

Den Europäesche Wirtschafts- und Sozialcomité (EWSC; EWSA op Däitsch; CESE op Franséisch) huet eng berodend Funktioun an der Europäescher Unioun. E gouf 1957 duerch d'Traitéë vu Roum geschaf. An him si Patronat, Gewerkschaften, Baueren, Konsumenten, an aner Interessegruppe vertrueden, déi zesummen déi "organiséiert Biergerschaft" forméieren.

Sëtz vum EWSC, am Jacques-Delors-Gebai zu Bréissel.

Déi genee Zesummesetzung, d'Organisatioun an d'Aufgabe vum EWSC sinn an den Artikelen 257 bis 262 vum Traité iwwer d'Europäesch Communautéit gereegelt.

Memberen änneren

Den EWSC huet 329 Memberen, déi sech, jee no hirer Gréisst, op d'Memberstaate vun der EU verdeelen.

D'Membere ginn zwar vun de Regierunge vun de Memberslänner proposéiert, mä sinn an hirer Aarbecht komplett onofhängeg. Si ginn op fënnef Joer ernannt, a kënnen eng zweet Kéier erëmernannt ginn.

Déi 6 Lëtzebuerger Membere sinn (Stand: Oktober 2020):
Nobert Geisen[1], Claudine Otto[2], Jean-Claude Reding[3], Marco Wagener[4], Marie Josiane Willems[5] a Romain Wolff[6].

Aufgaben änneren

Den EWSC huet just eng Beroder-Funktioun, kann also keng Decisiounen huelen, déi definitiv wieren. Hie muss awer consultéiert ginn, wann et ëm Gesetzesprojete geet, déi d'Wirtschafts- oder Sozialpolitik vun der EU uginn. Zanter dem Traité vu Maastricht sinn d'Gebidder ausgespreet ginn op Ëmwelt, Erzéiung, Konsumenteschutz, Gesondheet, indirekt Besteierung, transeuropäesch Réseauën a Strukturfongen. Sou gëtt hien Avisen of bei Propositiounen, déi d'Europäesch Kommissioun dem Europäesche Parlament an dem Conseil vun der Europäescher Unioun mécht. A politesche Gespréicher mat der Kommissioun, dem Parlament oder dem Rot vertrëtt den EWSC d'Interessen an d'Positioune vu senge Memberen.

De Comité kënnt an enger Vollversammlung zesummen. D'Avisen, déi do ugeholl ginn, ginn a 6 Ënnercomitéën (oder "Fachgruppen") virbereet, déi thematesch organiséiert sinn. All 2 Joer ginn aus senger Mëtt e President an 2 Vizepresidente gewielt.

Den EWSC huet säi Sëtz zu Bréissel.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Referenzen änneren

  1. Den Norbert Geisen op memberspage.eesc.europa.eu
  2. D'Claudine Otto op memberspage.eesc.europa.eu
  3. De Jean-Claude Reding op memberspage.eesc.europa.eu
  4. De Marco Wagener op memberspage.eesc.europa.eu
  5. D'Marie Josiane Willems op memberspage.eesc.europa.eu
  6. De Romain Wolff op memberspage.eesc.europa.eu