Martine Kemp
D'Martine Kemp, gebuer den 8. Juli 1994[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Europapolitikerin (CSV).
Martine Kemp | |
---|---|
Gebuer |
8. Juli 1994 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
École privée Fieldgen, Universitéit Wien, Technesch Universitéit Darmstadt |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Famill | |
Geschwëster | Françoise Kemp |
Formatioun a Karriär
ännerenNo hirer Première um Fieldgen huet si op der Uni vu Wien e Bachelor a Sozialwëssenschaft gemaach an duerno op der Technescher Universitéit zu Darmstadt e Master als Verkéiersingenieur[2].
Si huet zanter 2021 bis zum Moment vum Wiessel an d'EU-Parlament fir de Service Circulation vun der Stad Lëtzebuerg geschafft, e Posten, dee se wéinst Inkompabilitéit mat hirem Mandant huet missen opginn.[3]
Politesch Karriär
ännerenD'Martine Kemp gouf mat 16 Joer Member vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend (CSJ), wou si 2023 Vizepresidentin ass. Si ass och Sekretärin vun der CSV fir international Affären.[4]
Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament am Joer 2019 war si déi Drëttgewielt op der Lëscht vun der CSV an déi Fënneftgewielt am Ganzen (si krut 39.654 Stëmmen)[5], gouf awer net direkt an d'Europäescht Parlament gewielt. Si ass dunn de 24. Oktober 2023 fir de Christophe Hansen als eng vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert an d'EU-Parlament nogeréckelt, nodeems den Hansen säin Europamandat néiergeluecht hat, well hien als Kandidat bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 am Bezierk Norden an d'Chamber gewielt gi war[6].
Si ass d'Sëschter vun der Françoise Kemp.[7]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Martine Kemp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fiche um Site vum Europäesche Parlament.
- Jeannot Ries: "Nei EU-Deputéiert Martine Kemp - 'Lëtzebuerg an Europa weiderbréngen'." rtl.lu, 18.10.2023.
- Invité vun der Redaktioun (30. Oktober) Interview mat der Martine Kemp iwwer hir Missioun als Europadeputéiert. op play.rtl.lu, 30.10.2023.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Fiche um Site vum Europäesche Parlament.
- ↑ perséinlech Informatioune vum Titulaire
- ↑ Jeannot Ries: "Nei EU-Deputéiert Martine Kemp: 'Lëtzebuerg an Europa weiderbréngen'." rtl.lu, 18.10.2023.
- ↑ Diego Velazquez: "Wer ist Martine Kemp, die neue CSV-EU-Parlamentarierin?" wort.lu [w+], 23.10.2023.
- ↑ (fr)Élections européennes 2019 Résultats officiels. elections.public.lu (03.06.2019). Gekuckt de(n) 14.10.2023.
- ↑ Pierre Weimerskirch: "Martine Kemp ersetzt Christophe Hansen." rtl.lu, 12.10.2023.
- ↑ "Françoise et Martine, les deux sœurs chacune élue dans son Parlement." lessentiel.lu, 2023-11-21.