Viviane Reding

lëtzebuergesch Politikerin

D'Viviane Reding gebuer de 27. Abrëll 1951 zu Esch-Uelzecht ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV). Si war am Laf vun hirer Karriär Journalistin, Gemengeconseillère, national an europäesch Deputéiert, a Member a Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun.

Viviane Reding
Gebuer 27. Abrëll 1951
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Paräis,
Lycée Hubert-Clément
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei CSV

Liewen a Karriär änneren

No hirem Studium op der Sorbonne, zu Paräis, dat se mat engem Doktorat ofgeschloss hat, huet d'Viviane Reding vun 1978 bis 1999 als Journalistin an Editorialistin beim Wort geschafft. Tëscht 1986 an 1998 war si Presidentin vun der Union luxembourgeoise des Journalistes.

1979 a 1984 gouf d'Viviane Reding fir all Kéier 5 Joer an d'Chamber gewielt, an tëscht 1989 an 1999 war si Deputéiert am Europaparlament. Vun 1981 bis 1999 war si och am Escher Gemengerot.

An hirer Partei, der CSV, war si 1995 bis 1999 Vizepresidentin, a vun 1988-1993 war se Nationalpresidentin vun de Chrëschtlech-soziale Fraen.

Vun 1999 bis 2014 war d'Viviane Reding Member vun der Europäescher Kommissioun. Ënner der Presidence vum Romano Prodi, 1999-2004, war si zoustänneg fir Erzéiung, Kultur, Jugend, Medien a Sport. 2004 gouf s'an der Kommissioun vum José Manuel Barroso responsabel fir d'Dossieren Informatiounsgesellschaft a Medien. 2009 huet de José Manuel Barroso si zur Vizepresidentin vun der Kommissioun Barroso II gemaach, responsabel fir Justiz, Mënschen- a Biergerrechter.

2009 huet d'Viviane Reding bei de Wale fir d'Europaparlament kandidéiert a gouf och gewielt. Si op hiert Mandat verzicht, wéi si vum Jean-Claude Juncker, dem Formateur vun där Regierung, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ervirgoe sollt, och fir dat nächst Kommissiounsmandat virgeschloe gi war. Fir d'Europawalen 2014 war si Spëtzekandidatin op der Lëscht vun der CSV a gouf op déi éischt Plaz, vun deenen 3 Sëtz, déi hir Partei bei de Wale gewonnen huet, gewielt[1]. Si huet am Juni 2014 hiert Amt als Kommissärin niddergeluecht, fir als nei Deputéiert vereedegt ze ginn. D'Martine Reicherts huet fir e puer Méint dat Amt iwwerholl.

Am November 2014 gouf bekannt, datt d'Viviane Reding, wéi d'Reegelen et virgesinn, bei der Kommissioun ugefrot hat, fir däerfen e Posten am Kuratorium vun der Bertelsmann-Stiftung an am Conseil d'administration vum Minnen- a Metallkonzern Nyrstar[2] unzehuelen, a gréng Luucht dofir krut[3]. Am Januar 2015 krut si vun der Kommissioun och den Accord fir Member am Opsiichtsrot vun Agfa-Gevaert ze ginn[4]. Den 12. Mee 2015 gouf si duer opgeholl.

Am September 2018 huet si hiert Mandat am Europaparlament néiergeluecht, fir bei de an Chamberwale vum 14. Oktober 2018 op der Zentrumslëscht vun der CSV ze kandidéieren. Si gouf an d'Chamber gewielt[5]. Den 1. Oktober 2022 huet si hiert Mandat als Deputéiert an der Chamber néiergeluecht.[6]

D'Viviane Reding huet 3 Kanner.

Literatur änneren

  • Diego Velazquez, Marc Schlammes: "Die Frau, die vieles konnte.". Luxemburger Wort, 30. September 2022; op op wort.lu [w+] (Réckbléck iwwer hir politescher Carrière).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Viviane Reding – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. "Européennes 2014: Résultats officieux" op elections.lu.
  2. Den Administrateur délégué vun Nyrstar ass de lëtzebuergeschen Ingenieur Roland Junck.
  3. "Viviane Reding geht in die Wirtschaft: Die Bertelsmann-Kommissarin." taz.de, 12. 11. 2014.
  4. Im Aufsichtsrat von Agfa, tageblatt.lu 7. Januar 2015
  5. elections.lu.
  6. "CSV-Deputéiert Viviane Reding huet hir Demissioun agereecht." rtl.lu, 13.09.2022.