Chamberwale vum 15. Dezember 1968

Bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 zu Lëtzebuerg, wat fréizäiteg Neiwale nom Récktrëtt vun der Regierung Werner-Cravatte waren, goufe 56 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.

Geschicht

änneren

Den 29. Oktober 1968 huet de Pierre Werner, Staatsminister a President vun der Regierung, no enger Sëtzung vum Regierungsrot de Journalisten e Communiqué vun der Regierung virgelies, an deem matgedeelt gouf, datt d'Regierungsmembere beschloss hätten, dem Grand-Duc d'fréizäiteg Opléise vun der Chamber virzeschloen a kuerzfristeg nei Walen z'organiséieren.  

Dës Entscheedung war getraff ginn, well déi politesch, wirtschaftlech a finanziell Donnéeën op déi de Budgetsprojet fir 1969 opgebaut war, hefteg a kontrovers Diskussiounen ausgeléist haten. Ënner deene Konditiounen hätt de Budget nëmmen an engem schlechte politesche Klima diskutéiert a gestëmmt kënne ginn, wat géint den Interessi vun der Allgemengheet gewiescht wier.

Den Dag drop huet de Pierre Werner dem Grand-Duc der Regierung hir Demissioun iwwerreecht. Den 31. Oktober koum d'Chamber nach eng lescht Kéier zesumme fir  “Dräi Zwieleftel” vum Budgetsprojet vun 1969 ze stëmmen. An der selwechter Sëtzung huet d'Chamber nach deklaréiert, datt den Artikel 52 vun der Constitutioun iwwer de Mindestalter fir un de Walen deelzehuele misst revidéiert ginn. Domat war – op Basis vum Artikel 114 vun der Constitutioun – d'Chamber d'office opgeléist[1].

De 4. November 1968 goufen Neiwale fir de 15. Dezember 1968 ugekënnegt[2].

Resultater

änneren
Resultater vun de Chamberwale vum 15. Dezember 1968
Partei Sëtz Ënnerscheed zu virdrun
  Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei 21 -1
  Demokratesch Partei 11 +5
  Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei 18 -3
  Kommunistesch Partei Lëtzebuerg 6 +1
  Aner 0 -2

Resultater no Walbezierk[3]

änneren
CSV LSAP DP KPL MIP/SN
Zentrum 36.6 % 28.3 % 25,2 % 9.4 % 0.5%
Osten 47.6 % 22.7 % 23.9 % 5.1% 0.7 %
Norden 46.4% 30.1 % 19.1 % 4.1 % 0.3 %
Süden 31.9 % 35.8 % 10.0 % 22.0% 0.3 %

An der Folleg koum et zu der Formatioun vun der Regierung Werner-Schaus II, enger Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi de 6. Februar 1969 vereedegt gouf.

Gewielt Deputéiert

änneren

Alphabetesch Lëscht vun der Zesummesetzung vun der Chamber no de Wale vum 15. Dezember 1968, inklusiv deenen Deputéierten, déi op hiert Mandat verzicht hunn a vun deenejéinegen, déi se ersat hunn (déi nogeréckelt sinn). Fir déi, déi bei de Wale vum 15. Dezember 1968 an d'Chamber gewielt goufen, steet als Ufank vum Mandat 1969 an der Lëscht[4].

Zesummesetzung vun der Chamber no de Chamberwale vum 15. Dezember 1968[5],[6]
Zuel Numm Partei Bezierk gewielt Stëmmen Mandat vun Mandat bis Bemierkung
1 Victor Abens LSAP Norden direkt 11 744 1969
1 Albert Berchem DP Süden direkt 8 580 1969
1 Bernard Berg LSAP Süden direkt 21 542 1969
1 Tony Biever CSV Zentrum direkt 18 693 1969
1 Léon Bollendorff CSV Zentrum direkt 19 609 1969
Jean-Pierre Büchler CSV Osten+Norden 22 819[7] huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
Osten[8]
1 René Bürger CSV Süden direkt 21 432 1969
1 Emile Burggraff CSV Zentrum nogeréckelt 17 691 1969
1 Emile Colling CSV Süden nogeréckelt 20 594 1969
1 Henry Cravatte LSAP Norden direkt 12 940 1969
1 Henri Diederich DP Norden direkt 6 289 1969
1 Aloyse Duhr CSV Osten direkt 8 153 1969 01.01.1974 gëtt no sengem Doud, den 1. Januar 1974 net ersat
Jean Dupong CSV Süden 25 188 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Paul Elvinger DP Zentrum direkt 15 262 1969
1 Romain Fandel LSAP Süden direkt 24 972 1969
1 Marcel Flammang KPL Süden direkt 13 730 1969
1 Colette Flesch DP Zentrum nogeréckelt 12 384 1969
1 Jean Fohrmann LSAP Süden direkt 23 428 1969 25.04.1973 no sengem Doud, de 25. Abrëll 1973, duerch de Marcel Knauf ersat
Madeleine Frieden-Kinnen DP Zentrum 22 741 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Emile Gerson CSV Norden direkt 12 121 1969
1 Jean-Pierre Glesener CSV Süden direkt 21 644 1969
1 Joseph Grandgenet KPL Süden direkt 15 898 1969
1 Pierre Grégoire CSV Zentrum direkt 21 886 1969
1 Jean Hamilius DP Zentrum direkt 12 769 1969
1 Frankie Hansen LSAP Norden direkt 8 706 1969
1 René Hartmann LSAP Süden direkt 21 453 1969 13.04.1973 no sengem Doud, den 13. Abrëll 1973, duerch de Joseph Haupert ersat
1 Camille Hellinckx DP Zentrum nogeréckelt 12 426 1969
1 René Hengel LSAP Zentrum direkt 16 048 1969
1 Jacques Hoffmann KPL Süden nogeréckelt 13 516 1969
1 Georges Hurt LSAP Osten direkt 5 238 1969
1 Nicolas Kollwelter CSV Zentrum nogeréckelt 18 274 1969
1 Fernand Kons CSV Osten direkt 8 723 1969 10.10.1972 den 10. Oktober 1972 zum Ingénieur-inspecteur ernannt an duerch den Théo Bohnenberger ersat
1 Antoine Krier LSAP Süden direkt 23 618 1969
1 Roger Krier LSAP Süden direkt 21 492 1969
1 Joseph Lucius CSV Süden direkt 20 893 1969
1 Astrid Lulling LSAP Süden direkt 24 682 1969
1 Georges Margue CSV zentrum direkt 18 789 1969
1 René Mart DP Süden direkt 7 132 1969
1 Dominique Meis KPL Süden direkt 14 185 1969
1 Nicolas Mosar CSV Zentrum direkt 18 387 1969
1 Camille Ney CSV Norden direkt 13 018 1969 1970/71 am Laf vun der Sessioun 1970-71 zum Staatssekretär ernannt an duerch de Joseph Herr ersat
1 Camille Polfer DP Zentrum direkt 12 719 1969 18.03.1969
  • gëtt Commissaire général aux sports an den 18. Mäerz 1969 duerch den Emile Krieps ersat;
  • den Emile Krieps sengersäits gëtt am Laf vun der Sessioun 1970-71 zum Staatssekretär ernannt an duerch de Paul Beghin ersat;
  • de Paul Beghin fir säin Deel gëtt den 10. Januar 1972 zum Member vum Staatsrot ernannt an duerch de René Konen ersat.
1 Pierre Rumé CSV Süden direkt 20 984 1969
1 Robert Schaffner DP Osten direkt 5 716 1969
Eugène Schaus DP Zentrum 17 353 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Roger Schleimer LSAP Süden direkt 21 648 1969
1 Jean Spautz CSV Süden direkt 24 846 1969
Gaston Thorn DP Zentrum 19 799 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Dominique Urbany KPL Süden+Zentrum direkt 22 887[9] 1969
Süden[8]
1 Jean-Pierre Urwald DP Osten nogeréckelt 7 505 1969
1 Arthur Useldinger KPL Süden direkt 17 067 1969
1 René Van Den Bulcke LSAP Zentrum direkt 15 337 1969
1 Raymond Vouel LSAP Süden direkt 25 381 1969
1 Charles Wagner DP Osten direkt 5 348 1969
1 Georges Wagner CSV Norden nogeréckelt 11 344 1969
1 Alex Wantz DP Norden direkt 6 416 1969
1 Antoine Wehenkel LSAP Zentrum direkt 15 637 1969
Pierre Werner CSV Zentrum 25 345 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Paul Wilwertz LSAP Zentrum direkt 16 109 1969
1 Jean Winkin CSV Norden direkt 13 204 1969
1 Joseph Wohlfart LSAP Zentrum direkt 17 919 1969
1 Jean Wolter CSV Süden direkt 20 873 1969
56


Referenzen

änneren
  1. Bulletin de documentation n° 10/1968. Édition spéciale "La crise ministérielle et les élections législatives du 15 décembre 1968 au Grand-Duché" S. 3-4, op sip.gouvernement.lu, gekuckt de 4. Mäerz 2019
  2. Arrêté grand-ducal du 4 novembre 1968 portant convocation des collèges électoraux pour les élections législatives op legilux.lu, gekuckt de 4. Mäerz 2019
  3. Revue, REVUE-Wahlreport 1968, Nummer 51, Säit 9.
  4. Déi éischt Sëtzung vun der ausseruerdentlech Sessioun vun der Chamber war de 5. Februar 1969
  5. Bulletin de documentation n° 1/1969 du 15 février 1969. Édition spéciale consacrée à la formation du gouvernement, la constitution des départements ministériels et leur attribution aux membres du gouvernement, la déclaration gouvernementale et les communiqués publiés au cours des missions d'information et de formateur de Pierre Werner et au cours des négociations de coalition S. 9-10 op sip.gouvernement.lu
  6. "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.61-62.
  7. Total vun de Stëmmen aus dem Norden (13.410) an dem Osten (9.409)
  8. 8,0 8,1 https://download.data.public.lu/resources/resultats-des-elections-legislatives-au-grand-duche-de-luxembourg-de-1945-1989/20170629-145127/Elections_Legis_1945-1989.pdf
  9. Total vun de Stëmmen aus dem Süden (16.008) an dem Zentrum (6.879)