Madeleine Frieden-Kinnen

lëtzebuergesch Politikerin
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Madeleine Frieden-Kinnen, gebuer de 4. Oktober 1915 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 8. Februar 1999 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch CSV - Politikerin.

Madeleine Frieden-Kinnen
Gebuer 4. Oktober 1915
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 8. Februar 1999
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Famill
Bestuet mat Pierre Frieden

Si war déi éischt Fra, déi zu Lëtzebuerg Member vun enger Regierung gouf. Den 3. Januar 1967 gouf si, no enger Regierungsëmbildung, Staatssekretärin fir Famill, Sozial Solidaritéit, Jugend, Bevëlkerung, Bildung, Kultur a Kultus an der Regierung Werner-Cravatte. Den 2. Februar 1969 gouf se zur Ministesch fir Famill, Jugend, Sozial Solidaritéit a Gesondheet a Ministesch fir Kultur a Kultus an der Regierung Werner-Schaus II ernannt.

1972 ass si am Kader vun der Buergfrid-Affär zeréckgetrueden an huet sech bal ganz aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn.

Als ee vun hire leschte Wënsch huet si op de gebräichlechen Noruff an der Chamber verzicht, mä gefrot datt eng Matdeelung vun hir do géif virgelies ginn[1]. Deem Wonsch ass de Chamberspresident Jean Spautz den 9. Februar 1999 nokomm an huet de Bréif virum Plenum virgeliess:

"Au moment décisif où je me trouve en face de la mort, je déclare solennellement - ce que je n'ai pas eu le droit de faire de mon vivant - que j'ai été victime d'une erreur judiciaire, que je pardonne à ceux par qui ce malheur est arrivé et qui ont peut-être eux-mêmes été induits en erreur par des malentendus. Et que je remercie tous ceux qui, malgré les apparences, m'ont gardé leur confiance et leur estime. Je les assure une dernière fois que je méritais cette confiance et cette estime.
Dans l'espoir qu'on ne me refusera pas ce voeu ultime, je pars en toute sérénité vers cette nouvelle vie où il n'y a ni injustice ni faux semblants, où tout est clarté et vérité.
Ex umbris et imaginibus in veritatem. Madeleine Frieden-Kinnen."

Si war d'Wittfra vum Minister Pierre Frieden (1892 - 1959).

D'Madeleine Frieden-Kinnen war als engagéiert Humanistin bis zu hirem Doud aktive Comitésmember vum Veräin "Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden", deen zanter 1935 de Victor-Hugo-Literaturmusée zu Veianen bedreift.

Referenzen änneren

  1. Chambersëtzung vum 9. Februar 1999 - Hommage à la mémoire de Mme Madeleine Frieden-Kinnen, ancien Ministre