Georges Hurt

lëtzebuergesche Politiker

De Georges Hurt, gebuer de 4. Januar 1922 zu Biwer, a gestuerwen den 20. November 1997, war e lëtzebuergesche Resistenzler, Staatsbeamten (Cantonnier) a Politiker (LSAP a (Sozialdemokratesch Partei).[1][2]

Georges Hurt
Gebuer 4. Januar 1922
Biwer
Gestuerwen 20. November 1997
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP, SDP

Nom Doud vum Othon Decker ass de Georges Hurt 1963 als Deputéierten an d'Chamber nogeréckelt. Hie gouf bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964, de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 op der Lëscht vun de Sozialisten a bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 op der Lëscht vun de Sozial-Demokraten erëmgewielt.[2]

Bei de Gemengewale vum Oktober 1957 gouf hien an de Gemengerot vun der Gemeng Biwer gewielt a war vun 1957 bis 1982 Member vun dësem Gemengerot an hie war vun 1964 bis 1982 Buergermeeschter vun der Gemeng Biwer.[1][2]

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Noruff op de Georges Hurt an der 8. Sëtzung vun der Chamber am Sëtzungsjoer 1997-98 den 2. Dezember 1977
  2. 2,0 2,1 2,2 Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.106.
  3. 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022