Haaptmenü opmaachen

De Camille Hellinckx, gebuer de 27. Dezember 1925 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 30. November 1997, war e lëtzebuergeschen Notaire a Politiker (DP).[1]

1954 - 1955 war de Camille Hellinckx President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.

Hie gouf bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 an d'Chamber gewielt a bei de de Walen 1974 an 1979 zréckgewielt.

Hie war vun 1970 bis 1981 och Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

De 16. Februar 1986 gëtt am Cader vun der Affär Bommeleeër dem Camille Hellinckx senger Duechter hiren Auto virum Haus vum Camille Hellinckx an d'Luucht gesprengt.[2]

ReferenzenÄnneren