Nicolas Kollwelter
Den Nicolas Kollwelter, gebuer de 5. September 1918 zu Weimeschkierch, a gestuerwen de 14. November 1992 zu Hamm[1], war e lëtzebuergesche Politiker (CSV).
Nicolas Kollwelter | |
---|---|
Gebuer |
5. September 1918 Weimeschkierch |
Gestuerwen |
14. November 1992 Hamm |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Famill | |
Kanner | René Kollwelter, Serge Kollwelter |
Nom Doud vum Nicolas Rollinger ass hien op Grond vun de Resultater vun de Chamberwale vum 30. Mee 1954 an d'Chamber nogeréckelt a blouf Deputéierte bis Enn 1958 wéi d'Chamber fir d'Chamberwale vum 1. Februar 1959 opgeléist gouf. Hie gouf nees bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964 a vum 15. Dezember 1968 als Deputéierte gewielt.[2]
Hie war vun 1961 bis 1981 Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.
Hien ass de Papp vum René a Serge Kollwelter.
Referenzen
änneren- ↑ Den Nicolas Kollwelter op thomafamill.lu
- ↑ Nicolas Kollwelter am Luxemburger Lexikon Éditions Guy Binsfeld 1. Oplo 2006 S. 221