Jean-Pierre Büchler
De Jean-Pierre Büchler, gebuer de 6. Juli 1908 zu Haler, gestuerwen de 7. September 1993 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.
Jean-Pierre Büchler | |
---|---|
Gebuer |
6. Juli 1908 Haler |
Gestuerwen |
7. September 1993 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Fonctionnaire |
Partei | CSV |
De Jean-Pierre Büchler war en Agronom.
Vun 1931 bis 1934 huet hien op der Akerbauschoul zu Ettelbréck Coursë ginn, dono war hien, bis 1945 Chef vum Service d'économie rurale am Landwirtschaftsministère. Nom Krich gouf hie Chef vum Office luxembourgeois du ravitaillement an dono Chargé d'études am Wirtschaftsministère. 1948 gouf hie Conseiller de Gouvernement am Landwirtschaftsministère, wou hien ë. a. d'Regierung an internationalen Organisatiounen (FAO, GATT, OECE) representéiert huet[1].
Als Member vun der CSV war hie vun 1964-1969 Staatssekretär am Landwirtschafts- a Wäibauministère an der Regierung Werner-Cravatte, vun 1969 bis 1972 Minister fir Landwirtschaft, Wäibau, an Ëffentlech Aarbechten a vun 1972 bis 1974 Minister fir Ëffentlech Aarbechten, Famill, soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit an der Regierung Werner-Schaus II.
Vun 1974 bis 1978 war hien Deputéierten an der Chamber.
An der Stad Lëtzebuerg ass d'Bréck iwwer d'Eisebunn vun der Garer Plaz bis op Bouneweg (route de Thionville) no him benannt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jean-Pierre-Büchler-Bréck.
Gielercher
änneren- Grand-Officier vum Ordre d'Orange-Nassau (Promotioun 1964)[2]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ "Décès de Monsieur Jean-Pierre Büchler, ancien ministre". Bulletin d'information et de documentation 4/1993, S.15.
- ↑ (fr)A l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (4. Abrëll 1964). Gekuckt de(n) 24.01.2023.